Rallye Spuenien55. WRC-Victoire fir de Sébastien Ogier

RTL Lëtzebuerg
Dem Fransous ass bei der Rallye Spuenien den 1. WRC-Succès an engem Rallye1-Auto gelongen, doduerch huet Toyota fréizäiteg de Constructeurs-Titel gewonn.
© AFP

Den Toyota-Pilot Sébastien Ogier huet e Sonndeg d’Rallye Spuenien, déi zweetlescht Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft (WRC) 2022 gewonnen. No enger souveräner Virstellung hat den aachtfache WRC-Champion am Zil no 19 Speciallen iwwert eng Gesamtdistanz vun 293,77 Kilometer e Virsprong vu 16,4 Sekonnen op den Thierry Neuville (Hyundai). Drëtte gouf den neie Weltmeeschter Kalle Rovanperä (Toyota, +34,5 Sekonnen).

Fir den Ogier war et bei sengem fënnefte Start an dëser Saison déi éischt Victoire an och den éischte WRC-Succès an engem Rally1-Auto. Insgesamt huet hie säi Bilan u Victoiren an der WRC op 55 ausgebaut, allerdéngs war et deen éischte Succès mam Copilot Benjamin Veillas. Duerch d’Podiumsplaze vun Ogier a Rovanperä huet sech Toyota scho virun der Finall a Japan de Constructeurs-Titel geséchert.

Back to Top
CIM LOGO