Jasper Philipsen wënnt 3. Etapp, Gastauer op Plaz 25

© AFP (Archivfoto)
En Donneschdeg goung et beim Tour du Limousin op der 3.Etapp iwwer 177,9 Kilometer vun Ussac op Chamberet.
De Belsch Jasper Philipsen war de Séiersten. Hie konnt ech virum Jake Stewart an dem Benjamin Declerq duerchsetzen, dëst an enger Zäit vu 4 Stonnen, 36 Minutten an 21 Sekonnen. Bis Plaz 15 koumen d'Coureuren zäitgläich an d'Wäertung.
De Ben Gastauer kënnt mat 9 Sekonne Retard als 25ten iwwert d'Arrivée.
Neie Leader am General ass elo den Italiener Luca Wackermann, virum Jake Stewart an dem Kévin Ledanois. De Ben Gastauer ass hei op Plaz 24 op 2min19.
Déi éischt 10 vun der Etapp:
1 Jasper Philipsen (Bel) UAE Team Emirates 4:36:21
2 Jake Stewart (GBr) Groupama - FDJ 0:00:00
3 Benjamin Declercq (Bel) Team Arkéa - Samsic 0:00:00
4 Piet Allegaert (Bel) Cofidis 0:00:00
5 Gonzalo Serrano Rodriguez (Esp) Caja Rural - Seguros RGA 0:00:00
6 Antonio Angulo Sampedro (Esp) Euskaltel - Euskadi 0:00:00
7 Sergei Chernetskii (Rus) Gazprom - RusVelo 0:00:00
8 Rui Costa (Por) UAE Team Emirates 0:00:00
9 Asbjørn Kragh Andersen (Den) Team Sunweb 0:00:00
10 Kévin Ledanois (Fra) Team Arkéa - Samsic 0:00:00
Déi 10 éischt am General:
1 Luca Wackermann (Ita) Vini Zabù - KTM 13:20:06
2 Jake Stewart (GBr) Groupama - FDJ 0:00:05
3 Kévin Ledanois (Fra) Team Arkéa - Samsic 0:00:07
4 Romain Combaud (Fra) Nippo Delko Provence 0:00:11
5 Anthony Delaplace (Fra) Team Arkéa - Samsic 0:00:12
6 Sergei Chernetskii (Rus) Gazprom - RusVelo 0:00:13
7 Benjamin Declercq (Bel) Team Arkéa - Samsic 0:00:13
8 Rui Costa (Por) UAE Team Emirates 0:00:16
9 Francisco Galvan Fernandez (Esp) Equipo Kern Pharma 0:00:17
10 Quentin Jauregui (Fra) AG2R La Mondiale 0:00:17