Tour de France
Verursaacherin vu Massechute nees op fräiem Fouss

D'Plainte géint d'Fra, déi duerch ee Schëld dofir gesuergt hat, datt op der 1. Etapp vum Tour praktesch de ganze Peloton um Buedem louch, gouf falegelooss.
Dat huet den Organisateur matgedeelt. D'Fra gouf réischt e Mëttwoch verhaft an och "en garde à vue" gesat. Si hätt eng Prisongsstrof vun 3 Méint an e Protokoll vu bis zu 15.000 Euro riskéiert. Elo ass d'Fra nees op fräiem Fouss.
D'Fra gouf zwar fräigelooss, si muss sech awer am Oktober viru Geriicht veräntweren. Do kéint déi 30 Joer al Supporterin vum Tour de France ugeklot ginn.
Si hat sech den Autoritéite selwer gestallt a sot aus, datt se sech fir hir Dommheet géing schummen.
Am meeschte gelies