De Kolumbianer Alvaro José Hodeg Chagui konnt sech virun den zwee Fransousen Nacer Bouhanni a Bryan Coquard duerchsetzen.

Nom Tour de Wallonie geet et elo weider mat der 33. Editioun vum Tour de l'Ain, bei deem d'Cycliste ronn 400 Kilometer duerch Frankräich fueren. Lescht Joer war et de Primož Roglič, deen den Tour huet konnte fir sech entscheeden. Dëst Joer ginn 21 Ekippe mat 125 Coureure mat un den Depart, dorënner och 3 Lëtzebuerger: De Jempy Drucker, de Michel Ries an den Ivan Centrone.

En Donneschdeg stoung déi éischt vun dräi Etappen vum Tour um Programm, bei där et iwwer 141 Kilometer vun Parc des Oiseaux op Bourg-en-Bresse gaangen ass. Eng Echappée aus dem Däitschen Alexander Tarlton an dem Kanadier Antoine Duchesne hat sech e Virsprong vu ronn annerhallwer Minutt erausgeschafft, 11 Kilometer virun der Arrivée huet de Peloton si awer nees ageholl. Um Enn war et de 24 Joer alen Álvaro Hodeg, dee sech am Massesprint konnt behaapten. Zweeten ass den Nacer Bouhanni ginn, déi 3. Plaz geet un de Bryan Coquard.

Am General steet den Hodeg mat 4 Sekonnen Avance op de Bouhanni och op der éischter Plaz. Drëtten ass de Coquard op 6 Sekonnen.

De Lëtzebuerger Jempy Drucker huet et en Donneschdeg op eng staark 13. Plaz gepackt. De Michel Ries ass als 75. iwwer d'Arrivée gefuer, den Ivan Centrone ass den 114. ginn. Am General ass de Jempy Drucker och den 13. mat engem Réckstand vun 10 Sekonnen op den Álvaro Hodeg, de Michel Ries läit op der 75. Plaz an huet de selwechte Retard an den Ivan Centrone ass 114. op 2 Minutten an 8 Sekonnen.

D'Top10

1 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step 3:04:57
2 BOUHANNI Nacer Team Arkéa Samsic ,,
3 COQUARD Bryan B&B Hotels p/b KTM ,,
4 BONIFAZIO Niccolò Team TotalEnergeis ,,
5 TESSON Jason St Michel - Auber93 ,,
6 MINALI Riccardo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
7 VERMEERSCH Florian Lotto Soudal ,,
8 MORIN Emmanuel Cofidis, Solutions Crédits ,,
9 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team ,,
10 DE BONDT Dries Alpecin-Fenix ,,
...
13 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits ,,
75 RIES Michel Trek - Segafredo ,,
114 CENTRONE Ivan Xelliss - Roubaix Lille Métropole 1:58

De General

1 HODEG Álvaro José Deceuninck - Quick Step 3:04:47
2 BOUHANNI Nacer Team Arkéa Samsic 0:04
3 COQUARD Bryan B&B Hotels p/b KTM 0:06
4 BONIFAZIO Niccolò Team TotalEnergeis 0:10
5 TESSON Jason St Michel - Auber93 ,,
6 MINALI Riccardo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
7 VERMEERSCH Florian Lotto Soudal ,,
8 MORIN Emmanuel Cofidis, Solutions Crédits ,,
9 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team ,,
10 DE BONDT Dries Alpecin-Fenix ,,
...
13 DRUCKER Jempy Cofidis, Solutions Crédits ,,
75 RIES Michel Trek - Segafredo ,,
114 CENTRONE Ivan Xelliss - Roubaix Lille Métropole 2:08