Van Aert, Van der Poel an Alaphilippe zielen zu de grousse Favoritten
Lëtzebuerg schéckt mat Geniets a Kirsch 2 Mann un den Depart, déi a Form a bis an d'Fangerspëtze motivéiert sinn.
Biller aus dem Tour des Flandres 2020 weisen 3 Coureuren, déi e Sonndeg zu de grousse Favoritte gehéieren. Van Aert, Van der Poel an Alaphilippe si fir eng offensiv a spektakulär Fuerweis bekannt an dierfte bei der 268 Kilometer laanger Course eng Roll spillen. Besonnesch de Wout van Aert huet an de leschte Wochen a Méint seng gutt Form bewisen a kéint nom Philippe Gilbert 2012 den nächste belsche Weltmeeschter ginn.
Lëtzebuerg schéckt mat Geniets a Kirsch 2 Mann un den Depart, déi a Form a bis an d'Fangerspëtze motivéiert sinn. Béid Coureuren hunn Ufanks der Saison gutt Leeschtunge gewisen a wousste besonnesch op deem Terrain, op deem elo ze fueren ass, ze iwwerzeegen.
Vill Natioune kënnen e Sonndeg eppes Beweegen, zum richtege Moment a gudder Positioun sinn, ass onbedéngt néideg.
Ob déi 2 Lëtzebuerger dat e Sonndeg packen, gesitt Dir vu 14 Auer u live op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu.