Filippo Baroncini ass U23-Weltmeeschter, Cédric Pries beschte Lëtzebuerger
© Roland Miny / pressphoto (Archiv)
Op der Weltmeeschterschaft am Cyclissem zu Louvain kënnt de Cédric Pries bei den U23 op déi 22. Plaz mat engem Retard vun 2 Sekonnen op de Baroncini.
Den Italiener ass mat enger Zäit vun 3 Stonnen, 37 Minutten a 36 Sekonnen als Éischten iwwert d'Ligne d'Arrivée gefuer a konnt sech esou de Weltmeeschtertitel bei den U23 sécheren. Komplettéiert gëtt de Podium vum Eriträer Biniam Hailu a vum Olav Kooij aus Holland, déi allebéid, wéi och de Cédric Pries als 22., ee Retard vun 2 Sekonnen haten.
Och de Mats Wenzel ass mat 2 Sekonne Retard ukomm. Hien ass de 27. ginn. Den Arthur Kluckers gouf 44. mat 35 Sekonne Retard an den Tom Paquet ass als 132. op 14 Minutten a 36 Sekonnen duerch d'Zil gefuer.
Top10
1 BARONCINI Filippo - Italien 3:37:36
2 GHIRMAY HAILU Biniam - Eritrea 0:02
3 KOOIJ Olav - Holland ,,
4 GAZZOLI Michele - Italien ,,
5 ASKEY Lewis - Groussbritannien ,,
6 NYS Thibau - Belsch ,,
7 COLNAGHI Luca - Italien ,,
8 PENHOËT Paul - Frankräisch ,,
9 RANGEL COSTA Vinicius - Brasilien ,,
10 LAMPERTI Luke - USA ,,
...
22 PRIES Cedric 0:02
27 WENZEL Mats ,,
44 KLUCKERS Arthur 0:35
132 PAQUET Tom 14:36