E Méindeg goung et op der 2. Etapp vu Paris-Nice iwwer 159,2 relativ flaach Kilometer vun Auffargis op Orléans.

Um Enn gouf et eng Victoire am Sprint vum Hollänner Fabio Jakobsen, dat virum Wout van Aert aus der Belsch an de Christophe Laporte aus Frankräich. De Kevin Geniets koum zäitgläich op déi gutt 11. Plaz. Den Alex Kirsch krut 1,6 Kilometer virun der Arrivée e Platten an ass als 76. iwwert d'Arrivée gefuer. Duerch säin technesche Problem gouf awer déi nämmlecht Zäit zeréckbehale wéi beim Gewënner.

Am General bleift de Christophe Laporte am Maillot Jaune, dat 5, respektiv 11 Sekonne viru sengen Teamkomerode Wout van Aert a Primoz Roglic. Hei ass den Alex Kirsch den 52. op 2 Minutten an 21 Sekonnen an de Kevin Geniets ass den 80. op 7 Minutten an 3 Sekonnen.

D'Top 10

1 JAKOBSEN Fabio Quick-Step Alpha Vinyl Team
2 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
3 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma ,,
4 MEZGEC Luka Team BikeExchange - Jayco ,,
5 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
6 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo ,,
7 MOZZATO Luca B&B Hotels - KTM ,,
8 MOLANO Juan Sebastián UAE Team Emirates ,,
9 NAESEN Oliver AG2R Citroën Team ,,
10 BOL Cees Team DSM ,,
11 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
...
76 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,

General

1 LAPORTE Christophe Jumbo-Visma
2 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:05
3 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:11
4 LATOUR Pierre TotalEnergies 0:36
5 ŠTYBAR Zdeněk Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:38
6 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo 0:39
7 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo ,,
8 SÉNÉCHAL Florian Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
9 COQUARD Bryan Cofidis ,,
10 VLASOV Aleksandr BORA - hansgrohe ,,
...
52 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 2:21
80 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 7:03