Tour de l'AvenirJempy Drucker iwwert d'Leeschtunge vun de jonke Lëtzebuerger Coureuren

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass déi 58. Editioun vum Tour de l'Avenir op en Enn gaangen. Mat dobäi waren och 6 Coureure vun der Lëtzebuerger Vëlosnationalekipp.

Jempy Drucker iwwert den Tour de l’Avenir / Rep. Sam Rickal

Mam Arthur Kluckers an dem Mats Wenzel konnte sech um Enn zwee Stéck ënnert den Top20 am General klasséieren. Mam Arthur Kluckers op der 16. an dem Mats Wenzel op der 19. Plaz am General ass déi Lëtzebuerger Vëlosnationalekipp ee super Resultat erausgefuer. Den 19 Joer ale Wenzel hat och tëschenzäitlech de Maillot vum beschte Grimpeur, huet dësen awer um Enn un de Schlussgewënner Cian Uijtdebroeks missen ofginn. Fir den Nationaltrainer Jempy Drucker kann een e positiivt Fazit vun dëser Editioun zéien: “Dee ganzen Team-Spirit huet wierklech gutt geklappt, dat ass eppes, wat ech zeréckbehalen. Dat ass iwwer déi Deeg och ëmmer méi gewuess an dat ass flott ze gesinn. Si brauchen an der Zukunft keng Angscht ze hunn, fir mat deene groussen Natioune matzehalen, well si hunn dat bewisen, datt se do kënne mat vir fueren.”

Aus Lëtzebuerger Siicht waren nieft dem Arthur Kluckers an dem Mats Wenzel och de Loic Bettendorff, de Cedric Pries, den Tom Paquet an de Raphaël Pereira Marques mat um Depart. Déi gutt Resultater aus deene leschte Jore weisen, datt fir d’Zukunft vum Lëtzebuerger Vëlossport gesuergt ass.

“Ech mengen, et ass eng flott Generatioun, déi do drop kënnt. Net nëmme bei den Espoiren, mee bei de Juniore sinn der och nach. Fir den Arthur an de Mats speziell erauszepicken, ouni déi aner ze vergiessen. Den Arthur huet jo elo scho Stagiairë bei UAE. De Mats, deen huet elo eréischt seng Exame fäerdeg gemaach dëst Joer. Do huet ee sécherlech nach Potential, mee ech mengen, dësen Tour de l’Avenir huet him einfach gewisen, wou seng Méiglechkeeten leien.”

Profitéiere konnten déi 6 Coureuren och vum Trainer Duo Jempy Drucker/Fränk Schleck, déi sech an hirer Aarbecht gutt ergänzen.

“Zemools an engem Tour de l’Avenir, wou mer grouss Biergetappen hunn, wou de Fränk wierklech säi Wëssen a seng Erfarung mat an d’Spill ka bréngen. Ech kann dat dann éischter op deene flaachen a méi nervösen Etappen an och fir d’Sprinter. Do ergänze mer eis ganz gutt an ech mengen, dat huet och ganz gutt fonctionéiert. D’Jongen hunn dovunner och hoffentlech profitéiert. Wann ee gesäit, wéi si Coursse gefuer sinn, da war dat schonn net sou schlecht.”

Am Ekippen-Zäitfueren ass déi Lëtzebuerger Nationalekipp op déi 9. vu 27 Plaze gefuer.

Back to Top
CIM LOGO