
Fir wéi seriö een dee Récktrëtt awer elo huele soll, muss d’Zukunft beweisen. De McGregor war am Mäerz 2016 eng éischte Kéier zeréckgetrueden, dëst no enger Néierlag géint den Nate Diaz.
2019 huet e sech kuerz no senger Defaite géint den Khabib Nurmagomedow an der uschléissender Massekläpperei eng zweete Kéier vum aktive Kampfsport zeréckgezunn.
Eréischt am Januar 2020 huet hie säi Comeback gefeiert, mat enger Victoire géint den Donald Cerrone. Zanterhier huet en, och wéinst der Corona-Pandemie, mussen op e weidere Kampf waarden.
Sollt hien et dës Kéier dobäi beloossen, a wierklech net méi untrieden, da verléiert d’UFC wuel hire gréisste Star.
