Lëtzebuerger Futtballer am AuslandVictoire fir Lars Gerson, Néierlag fir den Olivier Thill

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg waren direkt 2 Lëtzebuerger Futtballer am Ausland fir hir Ekippen am Asaz.
© pressphoto Archiv

Mëttwoch

Um 31. Spilldag vun der Super League e Mëttwoch den Owend an der Schwäiz war de Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins bei der 4:2-Victoire fir d’Young Boys Bern aktiv. De Lëtzebuerger hat an der 56. Minutt den 2:1 fir seng ekipp markéiert.

Donneschdeg

A Russland huet den Olivier Thill mat senger Ekipp FK Ufa at 0:1 géint Dinamo Moskau verluer. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun, gouf dono awer ausgewiesselt.

A Schweden kann de Lars Gerson sech mat senger Ekipp Norrköping iwwer eng weider Victoire freeën, si gewanne mat 2:0 géint Örebro. De Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO