US OpenOptakt um Méindeg - Vill Toppspiller a Spillerinnen hunn ofgesot
Am Tennis fänken e Méindeg zu Flushing Meadows d'US Open un. Alles ass anescht, just de Favorit, den Novak Djokovic, ass näischt Neits.
Verëffentlecht: 31.08.20 11:40, Update: 04.12.25 10:31
De Roger Federer an de Rafael Nadal si bei dësem Grand-Slam-Tournoi net mat derbäi. Bei de Frae feele 6 Spillerinnen aus den Top Ten.
Am gréissten Tennisstadion vun der Welt si keng Spectateuren erlaabt. Et däerf een nëmme frësch getest op d'Anlag.