SchisprangenOptakt vun der Véierschanzentournée dëse Méindeg

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Covid-Pandemie gëtt d'Véierschanzentournée dëst Joer ënnert ganze speziellen Ëmstänn ofgehalen.

Et sinn natierlech keng Spectateuren op de 4 Schanze vun Oberstdorf, Garmisch-Partenkirchen, Insbruck a Bischofshofen erlaabt.

Um Méindeg war zu Oberstdorf d’Qualifikatioun, éier en Dënschdeg dann déi zwee Haapt-Duerchgäng sinn.

Als Favorit gëllt dëst Joer den Norweger Halvor Egner Granerüd, deen déi lescht 5 Weltcuppe konnt fir sech entscheeden. Den Titelverdeedeger ass awer net dobäi.

Nom positive Corona-Test vum Klemens Muranka, gouf d’ganz polnesch Ekipp ronderëm den Titelverdeedeger Dawid Kubacki an dem Olympiagewënner Kamil Stoch ausgeschloss. Spéider konnten awer all d’Memberen en negative Coronatest virleeën, wouduerch se dann awer dierfen deelhuelen.

Back to Top
CIM LOGO