Vum Sportlycée an de CoslRaymond Conzemius gëtt am Abrëll 2022 Successeur vum Heinz Thews

RTL Lëtzebuerg
Net nëmmen eng Gittare huet de Raymond Conzemius aus dem Sportlycée mat an de Cosl geholl, mä och vill Erfarung aus senger 13 Joer laanger Direktiounszäit.
Raymond Conzemius gëtt am Abrëll Successeur vum Heinz Thews
Net nëmmen eng Gittare huet de Raymond Conzemius aus dem Sportlycée mat an de Cosl geholl, mä och vill Erfarung aus senger 13 Joer laanger Direktiounszäit.

De Kontakt mat der Sportsschoul, dem Centre de Formation an dem Cosl soll nach weider verstäerkt ginn. Vernetzungen ass d’Stéchwuert. Dem Raymond Conzemius säi leschten Optrëtt als Héichleeschtungssportler war 1997 op de Spiller vun de klenge Staaten an Island. De geléierte Sportsproff huet haut nach den nationale Rekord am Héichsprong mat 2 Meter 22.

Am Abrëll 2022 iwwerhëlt de Raymond Conzemius, och fréieren Nationaltrainer vun de Sprénger, de Poste vum Heinz Thews. Da wäerten d’Kläng vun der Conzemius-Gittare méi ewéi eng Kéier am Gebai vum Cosl ze héiere sinn.

Back to Top
CIM LOGO