NFL-PlayoffsSuper Bowl wuel viru limitéierte Kuliss an d'Chiefs als grousse Favorit

RTL Lëtzebuerg
Och elo, wou déi nordamerikanesch Football Liga an déi decisiv Phas geet, ass et nach schwéier sech virstellen, wéi et am Super Bowl wäert ausgesinn.
D'NFL huet geplangt, fir geimpfte Persounen aus dem Gesondheetssecteur op de Super Bowl op Tampa z'invitéieren.
D’NFL huet geplangt, fir geimpfte Persounen aus dem Gesondheetssecteur op de Super Bowl op Tampa z’invitéieren.
© AFP

Zanter dem leschte Weekend stinn nämlech d’Playoffs fest a spéitstens vun elo u sinn och nees an Europa, respektiv hei am Land, eng Partie Leit nees méi drun interesséiert. Wéinst der Corona-Pandemie ass et awer bis elo eng ganz speziell Saison.

NFL-Playoffs / Reportage Jeff Kettenmeyer

Wien hätt sech virun engem Joer kënne virstellen datt ee Super Bowl mat senger ganzer Show, déi dobäi gehéiert, virun eidelen Tribünen, respektiv enger ganz klenger Kuliss kéint gespillt ginn. Fir de Lëtzebuerger Coach vun de Saarland Hurricanes Paul Zahlen war dëst laang onvirstellbar.

Aktuell weess de Lëtzebuerger Coach et och net ganz genau, wéi si et wäerte maachen, ma e Super Bowl ouni Supporter kann hie sech emol net virstellen. Dat wier einfach just surreal.

An de regulärer Saison souzen d’Fans gréisstendeels virun der Tëlee an Stadie ware bis op verschidden Ausnamen an eenzele Bundesstaaten zum gréissten Deel eidel. Et goufe bis ewell och däitlech méi Auswäertsvictoiren, wéi dat zanter 2002, wéi d’NFL op 32 Ekippen ausgebaut gouf, an der Moyenne de Fall war.

Bei villen Ekippen huet ee gemierkt, datt hinnen am Match d’Loft ausgaangen ass, wou soss d’Fans einfach nach hannert hinne stoungen, präziséiert de Paul Zahlen. D’Fans sinn eppes, wat zum Sport dobäi gehéiert. Keng Ekipp spillt gäre Geeschtermatcher, weder am Futtball nach am Football. An dann eng ganz Saison Geeschtermatcher, et mierkt ee jo d’Atmosphär an de Stadien, et ass einfach net dat selwecht. De Paul Zahlen denkt awer, datt et fir d’Coachen och Virdeeler matsechbréngt, well ee mol mierkt, wéi gutt dat d’Leit dech héieren, respektiv wéi gutt sech dech soss net héieren.

An de Playoffs geet et elo drëms, wie sech fir de Super Bowl zu Tampa wäert qualifizéieren. Fir d’Buccaners an de Superstar Tom Brady wier et een Heemmatch an der Finall, allerdéngs gëtt de Wee dohin net ganz einfach, sou de Paul Zahlen.

D’Bucs, respektiv hire Quarterback Tom Brady, kréien et schonn den éischte Match géint Washington méi schwéier, wéi vill Leit mengen. Well Washington huet eng Top 5 Defense an dat ass guer net ze ënnerschätzen, warnt de Paul Zahlen. Dono kéinte si dann op Green Bay falen, wat fir dem Tom Brady seng Ekipp wonnerbar wier, well een déi jo schonn eng Kéier geklappt huet. Géint d’Saints wier manner optimal, well ee géint déi schonn zwee Mol relativ kloer verluer huet. Dat wëll elo näischt fir d’Playoffs soen, et ass awer schonn en Indikator, wou ee ka kucken, a wéi eng Richtung et ka goen.
Absolutten Toppfavorit op den Titel sinn no der regulärer Saison d’Kansas City Chiefs, dat och fir de Paul Zahlen. Si kënnen hiert Spill dominéieren an de Géigner hire Stil opzwéngen, eppes, wat bis elo ganz wéinegen Ekippe kontrolléiere konnten, seet eisen American Football Expert.

Den Optakt vun den NFL-Playoffs ass dëse Weekend an de Super Bowl ass traditionell den éischte Sonndeg am Februar.

Back to Top
CIM LOGO