Iwwert d’Grënn war bis ewell näischt bekannt, ma d’FLNS huet sech awer elo zu dësem Fall geäussert.
D’Decisioun, dass d’Schwammfederatioun an den Ingolf Bender getrennte Weeër ginn, huet ageschloe wéi eng Bomm. Awer just no baussen, well am CA gouf iwwer d’Zesummenaarbecht schonn eng länger Zäit diskutéiert. Déi gouf, dem Marco Stacchiotti no, kollegial geholl.
“Et gouf och decidéiert, dee Moment dat och ze maachen. Fir den Ingolf war et eng ongënschteg Zäit gewiergt, dat kann ech gutt verstoen. Et ass eis och drëm gaangen, logistesch ze kucken, wat ass den Therme vun der Saach, mir wëlle fir déi nei Saison nei opgestallt sinn an dofir ass den Datum do gefall”, esou de President vun der Schwammfederatioun.
De Bréif vum Licenciement, deen den Ingolf Bender krut, war op Franséisch. Eng Sproch, déi hien net versteet. D’Schwammfederatioun argumentéiert dat esou: “Eis Juristen am CA hu gemengt, dat do ass dat beschte wat d’Gesetz representéiert. Natierlech liest hien elo kee Franséisch, eis Juristen hu gemengt, et wier de richtege Wee a mir hunn déi Decisioun matgedroen.”
De Wee un den Dësch huet och d’Federatioun zesumme mam Ingolf Bender fonnt, fir Detailer ze klären. D’Grënn bleiwen awer weider confidentiel.
“Mir hunn eis Argumenter op den Dësch geluecht an hie seng a mir hunn en Accord fonnt, mat deem déi zwou Parteie ganz zefridde sinn.”
Et gouf e Mëttelwee fonnt, déi béid Parteien akzeptéieren. D’Schwammfederatioun ass elo amgaange mat plangen, fir sech vu September un nei opzestellen.
“Mir wëllen et net méi esou maachen, wéi mir et bis elo haten. Mir wëllen elo eng Struktur schafen, déi vill méi flaach ass. Elo ass et d’Chance, dat ze maachen an ëmzesetzen.”
Bei den Athleten hat dës Nouvelle och héich Welle geschloen, mee mëttlerweil huet sech dat och nees berouegt nodeems d’Federatioun mat den Athlete geschwat huet. Déi sinn den Ament bei der Europameeschterschaft zu Budapest an Ungarn am Asaz.