Sëtzen déi nächst Saison de Jeff Strasser an de Jeff Saibene op der Trainerbänk?
© AFP (Archiv)
Ee Moment hat et duerno ausgesinn. De Saibene gouf zu Hesper gehandelt, ma RTL-Informatiounen no gesäit et aktuell awer net no enger Verflichtung aus.
De Profitrainer vun ënnert anerem Sankt Gallen, Bielefeld a Kaiserslautern hat jo vun 1999 bis 2002 seng Spillerkarriär beim Swift ausklénge gelooss. RTL sot de Saibene hie wéisst nach net, wat hie géif maachen. Hien hätt verschidden Optiounen. Et gesäit RTL-Informatiounen am Moment awer net esou aus, wéi wann et op den Holleschbierg géif goen.
En anere Jeff, deen een d'nächst Saison nees hei am Land un der Säitelinn kéint gesinn, ass de Jeff Strasser. An de Lëtzebuerger Futtballkreesser zirkuléiert ëmmer méi d'Rumeur, datt de fréiere Profispiller vu Gladbach den neien Trainer beim Racing kéint ginn. De Strasser war jo laang Joren op der Fola Trainer éier et zejoert e kuerzen, onglécklechen Intermezzo beim Becca-Club zu Hesper gouf. Bei deene Stater vum Verluerekascht kéint et um Enn vun der Saison op jiddwerfalls Schluss fir de Régis Brouard um Trainerstull sinn.
An den nationale Futtballkreesser zirkuléiert allerdéngs och den Numm vum Jeff Saibene fir neie Kapitän op der Trainerkommandobréck um Racing ze ginn. Och den Trainer vum F91 Diddeleng, Carlos Fangueiro, soll op der Wonschlëscht vun deene Responsabele vum RFCUL gestanen hunn.