D'Kimberly Nelting huet an der Kategorie bis 61 Kilo mat 1:4 géint d'Nathalie Williams aus England verluer.

Dat an der 1. Ronn vum Qualifikatiounstournoi zu Paräis fir d'Olympesch Summerspiller zu Tokio. Déi fréier Juniorweltmeeschterin ass och net an de Repéchage komm, esou datt den Tournoi an deemno d'Qualifikatiounschancë fir déi 20 Joer jonk Sportlerin gelaf sinn.

Méi spéit ass et och fir den Jordan Neves no der 1. Ronn net méi weidergaangen. Am Duell géint de Wäissruss Korabau gouf et an der Klass bis 75 Kilo eng 1:2-Defaite, domat gëtt et och fir hie keng Chance méi op eng Qualifkiatioun fir d'Olympesch Summerspiller zu Tokio.