Belsch an Holland stinn an den Aachtelsfinallen

© AFP
De Bruyne a Co hu sech mat 2:1 géint Dänemark duerchgesat a Wijnaldum a Co hunn Éisträich mat 2:0 geklappt.
En Donneschdeg stounge bei der Europameeschterschaft am Futtball Matcher an de Gruppe B an C um Programm.
Am Grupp C huet Holland Éisträich mat 2:0 geklappt a sech domadder fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert. Donieft war d'Ukrain Nordmazedoenien mat 2:1 iwwerleeën. Nordmazedonien ass eliminéiert.
Am Grupp B huet d'Belsch sech mat 2:1 géint Dänemark duerchgesat. Domadder stinn och d'Diables Rouges an den Aachtelsfinallen.
Grupp C
Holland - Éisträich 2:0
Fir Holland gouf et en Donneschdeg den Owend eng 2:0-Victoire géint Éisträich. Nom zweete Succès bei der EM steet d'Ekipp vum de Boer an den Aachtelsfinallen.
An der 11. Minutt hat den Depay Holland per Eelefmeter mat 1:0 a Féierung bruecht. Bis d'Paus sollt sech un dësem Tëschestand näischt méi änneren. Et war eng verdéngt Féierung fir d'Haushären. Si waren insgesamt méi sprëtzeg, si mat vill Leidenschaft an d'Zweekämpf gaangen an hu mat engem aggressive Pressing dofir gesuergt, datt d'Éisträicher sech kaum duerchsetze konnten.
No der Paus war et dat nämmlecht Bild. Éisträich huet et net gepackt, fir wierklech geféierlech virun de Gol vun den Hollänner ze kommen. An esou war et den Dumfries, dee fir seng Faarwen an der 67. Minutt op 2:0 gesat huet. Dëst sollt och d'Schlussresultat sinn.
Ukrain - Nordmazedonien 2:1
D'Ukrain huet sech en Donneschdeg déi éischt dräi Punkte bei der Futtball-EM geséchert. Géint Nordmazedonien gouf et eng knapp 2:1-Victoire.
No 45 Minutte louchen d'Ukrainer verdéngt mat 2:0 a Féierung. An der 29. Minutt hat de Yarmolenko seng Faarwe mat 1:0 a Féierung bruecht. Nëmme 5 Minutte méi spéit hat de Yaremchuk op 2:0 erhéicht. D'Ukrain huet déi éischt Hallschent kloer dominéiert an d'Féierung ass absolutt an d'Rei gaangen. Nordmazedonien huet sech einfach ze vill Feeler an der Defense geleescht.
No der Paus konnten Nordmazedonien op 1:2 verkierzen. De Bushchan hat an der 57. Minutt den Eelefmeter vum Alioski nach fir d'éischt paréiert, ma géint den Noschoss hat hie keng Chance. D'Gäscht hunn duerno gutt mat der Ukrain matgehalen an et war keen eesäitege Match méi. Kuerz viru Schluss hat de Malinovskyi vum Punkt d'Méiglechkeet, fir alles kloer ze maachen, ma hie konnt de Ball net am Gol ënnerbréngen. Um Enn sollt et awer beim 2:1 fir d'Ukrain bleiwen.
Grupp B
Dänemark - Belsch 1:2
Eng spannend Partie hu sech Dänemark an d'Belsch geliwwert. Um Enn konnt d'Belsch de Match dréinen a sech mat 2:1 behaapten. Domadder kommen d'Diables Rouges elo op 6 Punkten an hu sech fir d'1/8-Finalle qualifizéiert. Dänemark huet nach keng Punkten.
No 45 Minutte louchen d'Dänen, fir déi et deen éischte Match nom Malaise vum Eriksen war, verdéngt mat 1:0 duerch e Gol vum Poulsen an der 2. Minutt a Féierung. D'Haushären hunn d'Gäscht mat vill Drock iwwerrascht, enger héijer Intensitéit a si haten de besseren Zuch zum Gol. D'Belsch huet sech dogéint schwéier gedoen, fir sech geféierlech Chancen erauszespillen.
No der Paus huet den Hazard an der 55. Minutt fir den 1:1 gesuergt. Nom Ausgläich hate Vertonghen a Co méi vum Match an hunn op d'Féierung gedréckt. An der 71. Minutt ass dem De Bruyne dës dann och gegléckt. Bis zum Schluss ass et ëmmer nees hin an hier gaangen an et gouf op béide Säiten nach geféierlech Chancen. Den Olsen huet an der 87. Minutt de Ball widder d'Lat gesat. E Gol sollt bis zum Schluss awer net méi falen.