BundesligaArbitter Manuel Gräfe verklot DFB wéinst "Altersdiskriminéierung"

RTL Lëtzebuerg
De Manuel Gräfe krut dëst Joer 47 Joer a muss dowéinst, de Statue vum DFB no, als Arbitter ophalen. Dowéinst geet hien elo viru Geriicht.

Dëse Schratt huet de laangjärege Bundesliga-Arbitter an engem Interview mam “Zeit Magazin” annoncéiert. “Den DFB hëlt mer dat, wat mir Freed mécht. Natierlech ginn et och finanziell Verloschter. Ech wäert probéieren, wéinstens déi duerchzesetzen”.

Well hien awer elo 47 Joer huet, muss hien de Statute vum DFB no ophalen. “Ech hätt gäre weidergemaach. [...] Ech ville mech, als kéint ech nach bis 50 oder méi laang päifen”.

An England oder Holland gëtt et keng Altersgrenz méi. A bei der UEFA dierf den 48 Joer ale Björn Kuipers och nach untrieden. “Awer den DFB pocht op dës ural Richtlinn” esou de Berliner Arbitter.

Ma de Gräfe wollt net just fir sech viru Geriicht goen, och aner Arbitter an Däitschland sinn heivunner betraff. An an den ënneschten Divisioune fënnt een dofir ëmmer manner Schiedsrichter. De Gräfe huet am Interview dann och kloer gemaach, datt hien, egal wéi d’Geriicht decidéiert, net méi wäert d’Päif an de Grapp huelen. Scho wärend senger Karriär huet de Gräfe als “onbequemen” Arbitter gegollt, dee sech ëmmer nees mat senge Virgesetzten oder Kolleegen ugeluecht huet.

Kritik gouf et ënner anerem um Arbitter Kolleeg Felix Zwayer, deen an d’Hoyzer-Affär verwéckelt war an och Bestiechungsgelder soll ugeholl hunn an déi ganz Affär wärend engem hallwe Joer fir sech gehalen hunn. Deen awer gouf vum DFB net bestrooft, ma esouguer zum Champions-League-Arbitter gemaach, “trotz duerchschnëttlecher Leeschtung” wéi de Manuel Gräfe seet.

Back to Top
CIM LOGO