
Domat sinn elo just nach 3 Top-10-Spillerinnen dobäi. D’Naomi Osaka an d’Simona Halep ware jo guer net dobäi, weider huet d’Serena Williams jo fréi an hirem éischte Match opginn.
Eliminéiert goufen d’Elina Svitolina, d’Bianca Andreescu, d’Sofia Kenin an d’Petra Kvitova.
Eenzeg verbliwwen aus der Top 10 sinn d’Iga Swiatek, d’Aryna Sabalenka an d’Ashleigh Barty.