Emma McKeon mat Dammen-Olympiarekord fir 100 Meter Crawl, Meynen eliminéiert

© AFP
E Mëttwoch de Mëtteg stoungen am Schwammen d'Virleef fir 100 Meter Crawl bei den Dammen um Programm.
Am Ganze goufen et 7 Virleef, bei deenen och d'Lëtzebuergerin Julie Meynen am Asaz war. Si ass am 4. Virlaf mat enger Zäit vun 55 Sekonnen an 69 Honnertstel op déi 7. Plaz an hirer Serie komm a bleift domat 1 Sekonn a 25 Honnertstel iwwert hirem nationale Rekord. Am Generalklassement ass dat déi 32. Plaz vun 51, wat awer net duergaangen ass, fir an d'Halleffinall ze kommen, well just déi éischt 16 weiderkommen. E Freideg de Mëtten schwëmmt d'Julie Meynen awer nach 50 Meter Crawl: "Déi ganz Saison ass schonn net optimal verlaf, d'Course haut och net. Ech muss dat elo ofhaken a mech op déi 50 Meter e Freideg konzentréieren."

© FLNS
Am 6. Virlaf konnt d'Australierin Emma McKeon awer mat enger Zäit vun 52 Sekonnen an 13 Honnertstel en neien olympesche Rekord opstellen. Den alen Olympiarekord louch bei 00:52,70 a war 2016 zu Rio opgestallt ginn.