Am éischte Match gouf et e Mëttwoch een 1:0 Succès géint Sarajevo. De Succès an der Champions League war aus Lëtzebuerger Siicht historesch.

Et war fir déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt eng Lëtzebuerger Futtball-Dammenekipp ee Match an enger Coupe d'Europe gewonnen huet.

Virschau Dames Racing-Benfica / Reportage Rich Simon

Déi leschten zwee Joer hunn d'Damme vum Racing den nationale Futtball dominéiert. Elo soll deen nächste Schratt kommen, fir och op internationalem Parquet Fouss ze faassen.

"D'Zil vum Club ass et, sech an der Champions League ze etabléieren a vu Joer zu Joer besser ze ginn. An elo hu mir den éischten Dammematch, an enger europäescher Coupe gewonnen. Mir hunn ee Grupp zesummen, wou eng 30 Spillerinnen dra sinn a wou een Ekippegeescht dran ass, deen ech seele gesinn hunn. Ee Grupp, dee vill zesummeschafft an awer och zesumme laacht", sot den Trainer vum Racing Alexandre Luthardt.

Och de Match géint Benfica gëtt zu Sarajevo gespillt. Den Trainer vum Lëtzebuerger Champion weess, datt et géint Portugisinnen eng ganz aner Partie wäert ginn.

"Mir sinn op ee komplett anere Match agestallt. Et ass eng ganz aner Spill-Physionomie, déi d'Portugisinne vis-à-vis vun de Spillerinnen aus Bosnien-Herzegowina hunn. Mir wäerten hei géint eng Ekipp untrieden, déi gären a Ballbesëtz ass, manner athletesch ass an och net gären defensiv steet. Dat ass och eist Spill", sou den Alexandre Luthardt weider.

Géifen d'Damme vum Racing gewannen, da stéinge si am zweeten Tour vun der Qualifikatiounsronn vun der Champions League.

De Stater Racing huet op hire sozialen Netzwierker matgedeelt, dass een de Match och vu 17 Auer un an der Buvette vum Stade Achille Hammerel kucke kann.

Um 18.30 Auer ass et dann d'Partie vu den Häre géint den RM Hamm Benfica.