Kloer Victoire fir SSC Neapel, Udinese Calcio verléiert géint AS Roum

© ANDREAS SOLARO / AFP
An der Serie A huet Sampdoria Genua en Donneschdeg den Owend de Kierzere gezunn. FC Turin a Lazio Roum hu sech misse mat engem Gläichspill zefridde ginn.
Serie A
FC Turin - Lazio Roum 1:1
1:0 Pjaca (76'), 1:1 Immobile (90+1')
Sampdoria Genua - SSC Neapel 0:4
0:1 Osimhen (10'), 0:2 Ruiz (39'), 0:3 Osminhen (50'), 0:4 Zieliński (59')
Fir eng animéiert Partie haten d'Gäscht zu Genua gesuergt. No 10 Minutten ass SSC Neapel mam Gol vum Osimhen a Féierung gaangen, deen domat fir d'zweete Kéier dës Saison markéiert huet. Kuerz virun der Paus hat et nach emol gerabbelt. Mat engem Punktestand vun 2:0 fir Neapel goung et an d'Paus. Nom Téi hu si hire Virsprong weider ausgebaut a sech schlussendlech eng souverän 4:0-Victoire geséchert.
AS Roum - Udinese Calcio 1:0
1:0 Abraham (36')