Beim Biathlon-Weltcup zu Hochfilzen huet de Fransous Quentin Fillon-Maillet d'Poursuite um Samschdeg gewonnen.

Beim Biathlon-Weltcup zu Hochfilzen stoung e Samschdeg bei den Hären eng Poursuite um Programm. D'Decisioun ass um Enn am leschte Schéisse gefall. De Quentin Fillon-Maillet an de Gewënner vum Sprint Johannes Kühn waren zesummen op de Schéissstand komm. De Fransous hat um Enn déi besser Nerven a konnt sech d'Victoire sécheren, dat mat nëmmen engem Schéissfeeler an der ganzer Course. Den Däitschen huet gläich dräi Feeler beim leschte Schéisse geschoss an ass um Enn nach op déi 15. Plaz zeréckgefall.

Mat engem Retard vun 32 Sekonnen ass de Fransous Emilien Jacquelin (1 Feeler) den Zweete ginn. Um Podium stoung nach de Schwed Sebastian Samuelsson (2 Feeler / +38 Sekonnen).