
Nom 1. Duerchgang louch Slowenien mat 531,5 Punkten a Féierung. Ganzer 27 Punkten hannendrun huet sech déi däitsch Natioun klasséiert, viru Japan an Norwegen. No 2. Duerchgäng sollt sech un deenen éischten 3. Plazen näischt änneren. D’Sprénger aus Slowenien haten um Enn iwwer 60 Punkte Virsprong an hunn hir Konkurrenz domat deklasséiert. Op déi 4. Plaz kënnt Éisträich, Norwegen gëtt fënneften.
Um Sonndeg steet dann nach een Eenzelspangen um Programm.