Annulatioun vu Sportkeelen-WM zu PéitengGrouss Enttäuschung fir d'Lëtzebuerger Keelen-Nationalekipp

Tom Hoffmann
D'Sportkeelen-WM, déi dëst Joer zu Péiteng um Programm stoung, sollt e grousst Fest ginn, fir de 60. Anniversaire vun der Keelefederatioun ze feieren.
Annulatioun vun der Sportkeelen-WM zu Péiteng
D’Sportkeelen-WM, déi dëst Joer zu Péiteng um Programm stoung, sollt e grousst Fest ginn, fir de 60. Anniversaire vun der Keelefederatioun ze feieren.

Dat Evenement gouf awer am Laf vun der Woch ofgesot, well Bunnen am Keelenzenter zu Péiteng nach ëmmer Broch leien. Eng batter Nouvelle, virun allem fir d’Nationalekipp, déi sech drop gefreet huet, nees eng Weltmeeschterschaft hei am Land kënnen ze spillen.

Eng gutt gefëllten Hal mat enger super Stëmmung. Esou hätt et kënne bei der Sportkeelen-WM zu Péiteng am Juli ausgesinn. Virfreed war grouss, fir no 2013 nees eng Weltmeeschterschaft virun eegenem Publik kënnen ze spillen. De Chantier am Keelenzenter ass awer zanter Mee 2020 nach net ofgeschloss. Rëss an der Chape sinn zwar gefleckt, mä et wäert nach eng Zäitchen daueren, bis d’Bunnen nees leien. Den Optimismus wier zwar do, an deenen nächste Méint nees Keelespiller am Keelenzenter z’empfänken, mä fir eng WM z’organiséieren, gëtt et ze knapp, fënnt de Jean-Marc Hoffmann, Vizepresident vun der FLQ.

“De Problem ass, dass eng Weltmeeschterschaft sech muss virbereeden. Et ass net esou, dass just gespillt gëtt, mä et sinn och Ekippen, déi Hoteller musse buchen, wéi zum Beispill d’Land Brasilien, déi no Informatioune gefrot hunn. D’Leit musse sech fräihuelen, et muss ee Sponsore fannen an dat kann een net op de leschte Stëppel maachen.”

Och beim Nationalspiller Chris Fuchs ass d’Enttäuschung riseg, dass WM zu Péiteng an d’Waasser fält.

“Eng Weltmeeschterschaft heiheem ass natierlech ëmmer flott. Kolleege kommen dann och ëmmer gär kucken an hei a Lëtzebuerg säi Land ze vertrieden, ass dat schéinst Gefill, wat ee kann hunn, mä et ass net z’evitéieren dëst Joer.”

Eng Alternativ wier eventuell Schlënnermanescht gewiescht, wou op enger 4 Bunnenanlag kéint gespillt ginn. Den Zäitplang vun der Weltmeeschterschaft ass awer esou opgestallt, dass 8 Bunnen néideg sinn. Domat fält dann och dëse Site fir dës Editioun ewech. Dat kéint sech awer an Zukunft änneren, esou de Jean-Marc Hoffmann: “NBS (Ninepin Bowling Schere e.V) huet geplangt d’Weltmeeschterschaften ze trennen, dat heescht, dass Kompetitiounen net all matenee gespillt ginn. Da géifen och fir eng WM 4 Bunnen duergoen a Schlënnermanescht wier dann eng Alternativ.”

Jean-Marc Hoffman iwwert d'Keelen-WM
Den Zäitplang vun der Weltmeeschterschaft ass awer esou opgestallt, dass 8 Bunnen néideg sinn. Dat kéint sech awer an Zukunft änneren.

No Alternativen hunn donieft och Lëtzebuerger Veräiner misse sichen, déi am Keelenzenter zu Péiteng gespillt hunn. Verschidde Clibb sinn dowéinst an d’Ausland gewiesselt oder op Schlënnermanescht.

Wou d’Keeleweltmeschterschaft gespillt gëtt, ass nach net kloer. Et lafe Rumeuren, dass Tréier dës WM wéilt organiséieren. Falls dat de Fall wier, hätt Nationalekipp wéinstens e klengen Heemvirdeel.

Back to Top
CIM LOGO