Mat der héchster Victoire an der EM-Geschicht qualifizéiere sech d'Dammen aus England fréizäiteg fir d'Véierelsfinallen.

D'Lionesses vun der Nationaltrainerin Sarina Wiegman hunn e Méindeg den Owend de fréiere Weltmeeschter Norwegen mat 8:0 deklasséiert an hunn domat hir Titel-Ambitiounen ënnerstrach. D'Lëtzebuerger Dammennationalekipp huet sech an der WM-Qualifikatioun mat 0:10 géint England misse geschloe ginn. Duerch d'Victoire géint Norwegen hunn d'Englännerinne sech dann och schonns fréizäiteg fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert.