BGL LigueMaurice Deville iwwert säi Comeback beim Swift Hesper

RTL Lëtzebuerg
Et war d'Futtballsnouvell vun der leschter Woch. De Maurice Deville wiesselt op Hesper. Ee Choix, bei deem et him net nëmmen ëm de Futtball gaangen ass.
© AFP

De Maurice Deville wiesselt op Hesper

15 Joer laang huet de Maurice Deville an Däitschland gespillt. Iwwer Kaiserslautern, Saarbrécken a Sandhausen huet hien de Wee op Hesper fonnt. Bei dee Veräin, wou alles ugefaangen huet: “Et ass mäi Jugendveräin. Ech hunn hei mat 3 bis 4 Joer ugefaangen an hunn 12 Joer laang hei gespillt. Meng ganz Famill ass an deem Veräin opgewuess. Meng Boma huet de Veräin zimmlech gepräägt, mäi Papp huet hei gespillt, de Laurent huet hei gespillt. Et ass einfach eng flott Saach, um Enn vun der Karriär ënnert Anführungszeechen.”

Fir 4 Joer huet den 30 Joer alen Nationalspiller beim Swift ënnerschriwwen. Ee Choix, bei deem de Maurice Deville net nëmme reng dat Sportlecht am Kapp hat:

“D’Entscheedung ass zesumme mat menger Fra gefall. Ech si bestuet zanter September, dann entscheet een net méi fir sech selwer, mä fir déi ganz Famill an déi Famill, déi nach komme soll. A fir och einfach zu Rou ze kommen. Zanterdeem ech 16 Joer al sinn, war ech fort. Ech hunn eleng gewunnt, ouni Elteren an dofir sinn ech frou, datt ech doheem sinn.”

Mat 4 Victoiren aus 4 Matcher huet d’Ekipp vum Trainer Pascal Garzaniga hir Titelambitioune méi wéi kloer gemaach. Bei dee qualitativ staarken an erfuerene Kader kënnt elo mam Maurice Deville ee weideren Toppspiller dobäi. Dat grousst Zil ass natierlech de Championstitel. Eppes, wat den 61-fachen Nationalspiller och fir seng Famill wëll erreechen:

“Ech wëll Champion gi fir meng Famill, fir mäi Papp a virun allem fir meng Boma, déi viru méi laanger Zäit verstuerwen ass. Si hätt sécher gewollt, datt ech eng Kéier mat Hesper Champion ginn. Fir mech ass dat hei wierklech eng Häerzensugeleeënheet an net wéi villäicht Verschiddener, déi et net wëssen, mengen, datt ech einfach heihinner kommen, fir iergendwellech grouss Suen. Vun Ufank u war ëmmer kloer, wann ech eng Kéier zeréck op Lëtzebuerg kommen, dann op Hesper an dat maachen ech wierklech gär. Dofir hunn ech mech och dofir entscheet an ech si frou doriwwer.”

Bei der 4:0-Victoire leschte Sonndeg am Derby géint Stroossen war de Maurice Deville nach net am Kader, well hie sech nach wollt Zäit loossen, fir sech u seng nei Ekipp ze gewinnen. E Samschdeg géint Péiteng däerf een da gespaant sinn, wéi een Impakt hien op seng nei Ekipp huet. De Match géint Titus Péiteng gëtt e Samschdeg um 19 Auer zu Hesper um Holleschbierg ugepaff.

Back to Top
CIM LOGO