Lëtzebuerger NationalspillerDe Mathias Olesen gouf operéiert

RTL Lëtzebuerg
Am Futtball ass et d'Nouvell, datt de Lëtzebuerger Nationalspiller Mathias Olesen en Dënschdeg um Spronggelenk operéiert gouf.

Beim 0:0-Remis géint Stuttgart leschte Weekend huet den 21 Joer ale Mëttelfeldspiller vu Köln no 15 Minutte misse blesséiert ausgewiesselt ginn.

Wéi laang de Mëttelfeldspiller elo wäert ausfalen, steet nach net fest.

Back to Top
CIM LOGO