Martins markéiert beim 2:2 e Gol fir Austria, Néierlag fir Thill a Stockholm
© pressphoto (Archiv)
Um Sonndeg gouf et fir d'Lëtzebuerger gemëschte Resultater. Fir de Martins war et den 1. Gol vun der Saison.
E Méindeg war de Vincent Thill mat Stockholm an der héchster schwedescher Divisioun am Asaz. Dem Lëtzebuerger, deen an der 66. Minutt ausgewiesselt gouf, seng Ekipp huet sech dobäi mat 0:1 misste bei Göteburg geschloe ginn. Den Markovic hat no 81 Minutte markéiert.
Sonndeg
An Holland gouf et no 2 Victoiren noenee fir Sparta Rotterdam eng 1:3-Defaite zu Utrecht. De Mica Pinto huet de ganze Match duerchgespillt. An der Tabell ass ee weiderhin de 6..
Austria Wien huet iwwerdeems zu Linz 2:2 gläich gespillt. De Marvin Martins konnt an der 83. Minutt seng Faarwe mat 2:1 a Féierung schéissen. Kuerz drop ass fir d'Heemekipp awer nach den 2:2 gefall. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain.
Bei der 3:2-Victoire vu Magdeburg beim Hamburger SV stoung den Eldin Dzogovic net am Kader.
ZSKA Sofia huet sech a Bulgarien mat 4:0 zu Botev Vratsa duerchgesat. Och den Enes Mahmutovic hat et net an de Kader gepackt.
An der 2. Liga a Portugal huet Vilafranquense mat 1:3 géint Academico Viseu verluer. De Lëtzebuerger Eric Veiga gouf an der 75. Minutt agewiesselt. No 10 Spilldeeg steet Vilafranquense op der 4. Plaz an der Tabell.
An den USA steet den New York City FC an der Finall vun der Eastern Conference an der MLS. E Sonndeg huet sech den aktuelle Champion souverän mat 3:1 zu Montreal duerchgesat. De Maxime Chanot stoung bei New York an der Startformatioun, ma hien huet an der 14. Minutt wéinst enger Blessur missen ausgewiesselt ginn. Den nächste Géigner ass elo Philadelphia.
Samschdeg
Den Anthony Moris koum mat Union St. Gilloise net iwwer en 2:2 géint Bruges eraus. Am Spëtzematch vum 14. Spilldag an der Belsch war d'Ekipp vum Lëtzebuerger schonn no 14 Minutte just nach zu Zéngt um Terrain a louch no enger Véierelsstonn mat 0:2 hannen. Virun der Paus konnt de Burgess den 1:2 markéieren an an der 80. Minutt sollt der Heemekipp nach den Ausgläich geléngen. Den Anthony Moris stoung 90 Minutten tëscht de Pottoen a krut souguer eng Giel Kaart.
Waldhof Mannheim leeft sengem Zil, ëm den Opstig matzespillen, weider hannendrun. Um 13. Spilldag vun der drëtter däitscher Liga gouf et fir d'Ekipp vum Laurent Jans eng 1:2-Defaite géint Essen. D'Gäscht aus dem Ruhrpott louche schonn no 12 Minutte mat 2:0 a Féierung a Mannheim konnt just nach den Uschloss markéieren. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalekipp stoung 90 Minutten um Terrain.
An Norwegen huet Kongsvinger eng iwwerraschend kloer 0:4-Defaite mussen astiechen. Beim Gaaschtspill géint Skeid Oslo, Drëttleschten an der Tabell, koum d'Ekipp vum Lars Gerson net an de Match a verléiert wichteg Punkten am Kampf ëm de Play-Off. Nächste Weekend ass de leschte Match vun der Normalronn.
An der englescher Championship kënnt Norwich City um 17. Spilldag net iwwer en 2:2 géint Sheffield United eraus, an dat obwuel d'Ekipp vum Danel Sinani mat 2:0 a Féierung louch. Béid Goler fir d'Canaries ware fréi am Match gefall, mee Sheffield ass an der zweeter Hallschent nees erukomm. An der 88. Minutt huet de Pukki en Eelefmeter fir Norwich verschoss. Den Danel Sinani gouf an der 90. Minutt agewiesselt.
Am Owesmatch vun der Bundesliga gouf et eng 1:3-Néierlag vu Gladbach géint Eintracht Frankfurt. D'Gäscht hunn an der éischter Hallschent vun ze ville Feeler vu Gladbach profitéiert. Den Yvandro Borges souz 90 Minutten op der Bänk.
Freideg
An der däitscher Futtball-Bundesliga huet Mainz e Freideg den Owend Köln beim 5:0 keng Chance gelooss. De Leandro Barreiro souz bei de Mainzer déi 90 Minutten op der Bänk. Bei de Kölner feelt de Mathias Olesen weiderhi wéinst enger Blessur.
An der 2. Bundesliga war iwwerdeems de Sébastien Thill mat Hansa Rostock am Asaz. Um Enn huet ee sech um 13. Spilldag misse mat 0:2 géint Kaiserslautern geschloe ginn. D'Goler huet de Boyd an der 67. an an der 82. Minutt geschoss. Den Thill gouf an der 64. Minutt agewiesselt.
An der 2. Divisioun an Holland huet sech Den Haag an Ënnerzuel ee Punkt bei De Graafschap geséchert. No 90 Minutte stoung et 2:2. Den Dirk Carlson stoung bei Den Haag net am Kader.