Fir d'Jeunesse, Déifferdeng an d'Fola gouf et no den Trainerwiesselen ënnerschiddlech Resultater. Hesper huet iwwerdeems knapp zu Monnerech gewonnen.

Um Sonndeg stoung den 10. Spilldag an der BGL Ligue um Programm.

Fussball BGL-Ligue / Resumé Gilles Tricca

Bei der Matcher, déi um 16 Auer ugepaff goufen, huet sech den F91 Diddeleng mat 7:0 zu Munneref duerchgesat. Monnerech géint Hesper gouf beim Stand vun 1:1 wéinst engem Donnerwieder ënnerbrach. Um Enn hunn d'Gäscht mat 2:1 d'Iwwerhand behalen.

Munneref hat géint den Tabelleleader vun Ufank u näischt ze gutt a louch an der Paus duerch Goler vun Hadji, Sinani (2x) an Ouassiero 0:4 zréck. An der 2. Hallschent ass et monter weidergaangen mat den Diddelenger Goler. Bis zur 60. Minutt hunn Hadji, mat zwee weidere Goler, an Decker op 7:0 fir d'Gäscht erhéicht. Bei dem Resultat sollt et bis zum Schluss bleiwen. Et war déi 10. Victoire am 10. Match fir den F91, deen domadder weider ongeschloe bleift.

Zu Monnerech ass Hesper gutt an de Match komm. D'Gäscht louche no 7 Minutten duerch de Philippe mat 1:0 vir. Direkt no der Paus konnt den M'Barki fir Monnerech ausgläichen. An der 85. Minutt gouf de Match wéinst engem Donnerwieder ënnerbrach. Hesper huet déi Paus ausgenotzt an um Enn duerch de Philippe an der Nospillzäit nach den entscheedende Gol markéiert. De Swift bleift mat 2 Punkte Réckstand um F91 an der Tabell drun.

De Racing huet sech knapp mat 2:1 géint Hueschtert duerchgesat. De Simon an de Muratovic hu mat hire Goler an der 1. Hallschent fir eng 2:0-Féierung gesuergt. Hueschtert huet awer net opginn an ass an der 79. Minutt duerch den Amehi nach emol erukomm. An der 90. Minutt konnten d'Gäscht bal ausgläichen, mee den Agovic huet de Ball iwwer de Gol gesat. De Racing bleift domadder hannert dem F91 an Hesper op der 3. Plaz an der Tabell.

D'Fola konnt sech duerch d'4:1-Victoire géint Rouspert liicht aus dem Tabellekeller erausschaffen. Schonn no 15 Minutten hat de Correia zweemol an de Runser eemol getraff an d'Fola mat 3:0 a Féierung geschoss. Mat dem Resultat goung et an d'Paus. Nom Téi huet de Marques d'Gäscht méi no erubruecht, de Lahrach huet op der anerer Säit mam véierte Gol fir d'Entscheedung gesuergt.

Déifferdeng koum an Iwwerzuel net iwwert en 2:2 géint Käerjeng eraus. Fir de neien Déifferdenger Trainer Stéphane Léoni ass et net gutt lassgaangen. De Lopes huet d'Gäscht an der 34. Minutt a Féierung geschoss. No der rouder Kaart fir de Käerjenger Mossi 3 Minutte méi spéit, war d'Heemekipp awer an Iwwerzuel. No der Paus ass dem de Castro an der 59. Minutt den Ausgläich gelongen. An der Schlussphas huet de Liseki op Eelefmeter d'Gäscht nees a Féierung geschoss. D'Heemekipp huet alles probéiert a gouf an der Nospillzäit belount. Den de Castro konnt mat sengem 2. Gol nach den 2:2-Ausgläich markéieren.

D'Jeunesse konnt nom Trainerwiessel och net gewannen an huet zu Péiteng 0:0 gläich gespillt. An enger animéierter Partie gouf et zwar op béide Säit Golchancen, um Enn sollt de Ball awer bei kenger Ekipp de Wee an de Filet fannen.

Fir d'Etzella gouf donieft et eng 1:2-Defaite géint Wolz an de Progrès Nidderkuer huet zu Stroossen eng 1:0-Victoire gefeiert.

D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D'Tabell