De BVB muss am klenge Ruhrpott-Derby zu Bochum untrieden. Bei der Partie tëschent Frankfurt an Darmstadt kënnt et zu engem weideren Derby.

De Leandro Barreiro a Mainz 05 hu mat Bayern München e schwéiert Lous an den Aachtelsfinalle gezunn.

Den Titelverdeedeger RB Leipzig spillt doheem géint Hoffenheim. Beim Match Nürnberg géint Düsseldorf spillen 2 Ekippen aus der 2. Bundesliga géinteneen.

D'Matcher ginn eréischt am neie Joer den 31. Januar/1. Februar an de 7.Februar/8. Februar gespillt.

Den Iwwerbléck vun den 1/8-Finallen

SV Sandhausen - SC Freiburg
SC Paderborn - VfB Stuttgart
Union Berlin - VfL Wolfsburg
Eintracht Frankfurt - SV Darmstadt 98
VfL Bochum - Borussia Dortmund
1. FSV Mainz 05 - FC Bayern München
RB Leipzig - TSG 1899 Hoffenheim
1. FC Nürnberg - Fortuna Düsseldorf