Wikipedia50.000 lëtzebuergesch Artikelen op der Online-Enzyklopedie

Jidderee kennt se, déi Meescht benotzen se. Zanter 16 Joer huet sech de Portal zu enger regelrechter Informatiounsquell entwéckelt, och hei am Land!

© afp
Wikimedia Lëtzebuerg a.s.b.l. ass eng Vereenegung vu Leit, deenen hiert Zil et ass, d'Verbreedung vu fräiem Wëssen allgemeng an absënns d'Aktivitéite vu Wikimedia-Projeten zu Lëtzebuerg ze fërderen. Dorënner falen ënnert Anerem d'Matschaffe bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch, Diskussiounen iwwer d’Auteursrecht zu Lëtzebuerg, oder d'Organiséiere vun Aktivitéiten am Zesummenhank mam Abanne vu fräie Biller a Medien iwwer lëtzebuergesch Sujeten an Datebanken, wéi déi vu Wikimedia.

Dës gigantesch Datebank vun Informatioune gëtt et a bal 300 Sproochen an och zanter 2004 op Lëtzebuergesch. Eng Versioun déi een ënnert der Adress lb.wikipedia.org fanne kann.

Déi huet sech lues a lues zu enger authentescher Quell vun Artikelen a Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt, mat enger Hellewull vun Informatioune mat Bezuch op eist Land, mä och iwwer soss all méiglech Domänen. An de leschten Deeg gouf de 50.000. Artikel geschriwwen.

Op der lëtzebuergesch Säit fënnt een zum Beispill Äntweren zu dëse Sujeten: Wat war lass mat de mysteriéise Marienerscheinungen op der Keeler Léiffrächen? Wat ass e Gielemännchen? Wat fir Lëtzebuerger Moler hunn 1927 d'Sezessioun gegrënnt? Wéini ass déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg erauskomm? Wouhier huet Lasauvage säin Numm? Wie war de Jean Linden? A wien deen éischte Lëtzebuerger Olympia-Goldmedaile-Gewënner? Wat genee war d'Maulkuerfgesetz? A wat fir Filmer huet den Thierry van Werveke matgespillt? Wat verbënnt Arbed-Schëffleng mat der Simone de Beauvoir? No wiem gouf d'Uertschaft Biwer a Südfrankräich genannt?

Op dës an Dausende vun anere Froe fënnt een op der lëtzebuergescher Wikipedia eng Äntwert. Fir eng Rëtsch intressant, skurril oder bemierkenswäert Saachen, kann ee sech hei stonnelaang amuséieren, fir duerch den Archiv vun der Säit ze surfen. All Woch gëtt een Artikel ënner d'Lupp geholl an méi am Detail presentéiert.

De Message vun dëser ASBL ass och wa Leit dobausse mengen, dass et iwwer e Sujet nach näischt oder net genuch gëtt, da si se häerzlech invitéiert, mat hirem Wësse bäizedroen. Jidderee ka mat 2 Mausklicken, en Tippfeeler verbesseren, eng Informatioun bäisetzen oder aktualiséieren, oder en neien Artikel kreéieren. Déi eenzeg Konditioun ass: Et muss relevant, sachlech an iwwerpréifbar sinn, wéi dat sech fir eng Encyclopedie gehéiert.

Et gëtt an der Lescht vill geschwat, wéi een de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen ausbauen an ënnerstëtze kéint. D'Wikipedia op Lëtzebuergesch weist zanter bal 13 Joer, datt een um Niveau vum Benevolat an an Zesummenaarbecht mat Dausende vu klenge Puzzelstécker Grousses op d'Bee stelle kann.

Den 100.000. Artikel ass ewell am Viséier, esou Wikimedia Lëtzebuerg a.s.b.l. Si géife sech natierlech freeën, wann deen een oder anere Lieser/Nolauschterer sech motivéiert géif fillen, matzemaachen!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.