Zanter 11.16 Auer e Freideg huet Lëtzebuerg mam Grand-Duc Guillaume en neie Staatschef.

No senger Vereedegung an der Chamber ass et fir deen neie Groussherzog zeréck an de Palais gaangen. Um 12.15 Auer huet hie sech dunn eng éischte Kéier dem Vollek presentéiert. Zesumme mat senger Fra Stéphanie a senge Bouwen Charles a François huet hien de Leit vum Balcon vum Palais aus gewénkt.

Um Balcon vertruede waren och d'Geschwëster vum neie Grand-Duc Guillaume, de fréiere Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa an déi hollännesch an déi belsch Kinnekskoppelen.

Duerno ass et fir déi groussherzoglech Koppel zu Fouss eriwwer bei d'Stater Märei gaangen, wou se um 13.05 Auer vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer empfaange ginn ass. Hei hu sech den neie Grand-Duc an déi nei Grande-Duchesse an dat gëllent Buch vun der Stad agedroen.

Lydie Polfer: Et ass "mir net baang, datt Dir dat wäert virbildlech meeschteren."  

D’Lydie Polfer sot dem Grand-Duc, hie wär gutt virbereet op seng Aufgaben: "Mir zielen op Iech, fir weiderhin de Symbol vun onser Unitéit, vun onser Stabilitéit an onser Indépendance, no bannen an no baussen, ze verkierperen, am Interêt vum Wuel vun de Bierger."

Si wéisst ëm seng Opgeschlossenheet, säint oppent Ouer fir d'Leit, seng Häerzlechkeet, seng Experienz op de Wirtschaftsmissiounen a säin ausgepräägte sozialen Engagement. Dofir sot d'Lydie Polfer: "ass et mir net baang, datt Dir dat wäert virbildlech meeschteren." 

Si géif och op hien zielen, fir d'Stad Lëtzebuerg weider an hirer Evolutioun ze begleeden. D'Stad hätt an deene leschte Joerzéngte schonn eng aussergewéinlech Entwécklung matgemaach. D'Stad Lëtzebuerg wier eng kosmopolitesch Stad, d'Populatioun géif zu 70 Prozent aus Net-Lëtzebuerger bestoen. Hei géif d'Diversitéit wéi eng Plus-value gelieft ginn.

Géint 13.25 Auer huet sech d'Koppel vun der Stater Gemeng aus op de Wee eriwwer an de Cercle Cité gemaach. Hei hu si sech Zäit geholl, fir de Leit Moien ze soen.

Um 13.50 Auer gouf et am Cercle Cité en Empfang mat de Membere vun der Regierung. Hei gouf och zu Mëtteg giess.

Um 19 Auer e Freideg ass da mam grousse Galadinner am Palais den Ofschloss vum éischten Dag vum Trounwiessel.

Hei fannt Dir all d'Fotoe vum Trounwiessel.D'Live-Emissioune fannt Dir hei.