De Grand-Duc Guillaume huet den Eed ofgeluecht
Zanter e Freideg de Moien 11.16 Auer huet Lëtzebuerg mam Grand-Duc Guillaume een neie Staatschef.
Um 10 Auer e Freidegmoie war den offiziellen Optakt vum Trounwiessel. Lassgaangen ass et am Palais mat der Ofdankungszeremonie vum Grand-Duc Henri. Um 10.05 Auer huet dëse säi leschten Arrêté grand-ducal ënnerschriwwen. Mat dësem huet hie säi Règne offiziell zu Gonschte vu sengem eelste Bouf, dem neie Grand-Duc Guillaume ofgetrueden.
All d'Fotoe vum Trounwiessel fannt Dir hei.
Nieft dem Grand-Duc Henri waren och Vertrieder vun de belschen an hollännesche Kinnekshaiser am Palais present: De Kinnek Philippe war mat senger Fra Mathilde an der Ierfprinzessin Elisabeth present. Fir dat hollännescht Kinnekshaus war et de Kinnek Willem-Alexander mat senger Fra Maxima an der eelster Duechter Catharina-Amalia.
Donieft waren och Vertrieder vun den europäeschen Institutiounen am Palais. Et waren dëst de President vum Europäesche Rot António Costa an d'Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola mat hirem Mann Ukko Metsola.

Premier Luc Frieden seet Grand-Duc Henri Merci
Och de Premier Luc Frieden war bei der Ofdankung dobäi an huet dem Groussherzog Henri an enger Ried Merci gesot. Dem Grand-Duc Henri säi Règne wier eng Zäit vu Fridden, Fräiheet a Wuelstand zu Lëtzebuerg gewiescht, wat alles op ville Plazen an der Welt net méi selbstverständlech wier.
De Grand-Duc Henri hätt de sozialen Zesummenhalt ëmmer an de Vierdergrond gestallt, esou de Luc Frieden. An hien hätt den demokrateschen Institutiounen am Land déi Kontinuitéit ginn, déi se bräichten, fir ze funktionéieren. De Premier huet gelueft, de Grand-Duc Henri hätt a senger Roll als Staatschef deen néidegen Equiliber fonnt tëscht Würd an Nobarkeet, an hätt dës Roll mat Dignitéit a Mënschlechkeet ausgefëllt.
De Premier huet och dem Grand-Duc senger Fra Merci gesot fir hiren Asaz fir humanitär Causen, heiheem an am Ausland.
Grand-Duc Guillaume offiziell neie Lëtzebuerger Staatschef
Um 11 Auer war dann d'Vereedegung vum neie Grand-Duc an der Chamber. Den Optakt huet de Chamberpresident Claude Wiseler gemaach. Ier de Premier Luc Frieden seng Ried gehalen huet.
De Grand-Duc Guillaume "wäert zum Succès vun eisem Land bäidroen"
Ech weess, datt mir e Staatschef kréien, dee beduecht ass, zum Succès vun eisem Land bäizedroen. Dat sot de Premier Luc Frieden ier de Grand-Duc Guillaume an der Chamber als Staatschef vereedegt gouf. D'Roll vum Staatschef wier eng grouss Verantwortung. Si bräicht Asaz, Courage an Häerz, esou de Luc Frieden.
Kee wéist, wéi eis Zukunft géing ausgesinn an all Generatioun misst sech hiren Erausfuerderunge stellen, sot de Luc Frieden. Där géifen et haut vill ginn an de Premier huet opgezielt: d'geopolitesch Situatioun, d'kënschtlech Intelligenz, de Klimawandel, d'Konkurrenz an der Weltwirtschaft. Trotzdeem wier dësen Dag kee vun Onsécherheet, ma ee vun Zouversiicht.
De Grand-Duc Guillaume wär zesumme mat senger Fra Stéphanie eng modern Monarchie, déi nolauschtert a sech engagéiert. Eng Monarchie, déi den Zäitgeescht géing verstoen a verkierperen, ouni dobäi hir Wuerzelen ze verléieren. Am Numm vun der Regierung huet hien der Koppel seng Ënnerstëtzung versprach a vill Succès gewënscht.
Chamberpresident Claude Wiseler wënscht glécklech Hand un der Spëtzt vum Land
"Haut [u.v.d.R Freideg] ass et esou wäit. De Grand-Duc Henri huet decidéiert, Iech den Troun ze iwwerloossen. Well et de richtege Moment ass. Well Dir prett sidd." Mat deene Wierder huet de Chamberpresident Claude Wiseler sech un de Grand-Duc Guillaume adresséiert, ier en als Staatschef vereedegt gouf.
Hie wier deen éischte Staatschef, deen ënnert der neier Verfassung vereedegt gëtt. Als Symbol vun der nationaler Eenheet hätt de Grand-Duc déi wichteg Aufgab, Brécken ze bauen, tëschent Traditioun an Zukunft, tëschent Generatiounen, tëschent Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger, tëschent eisem Land a senge Partner, am Benelux, an Europa an an der Welt. Et géif an de kommende Joren eng grouss Erausfuerderung ginn, fir d'Wäerter vun eiser Gesellschaft ze kämpfen, fir Fridden, Demokratie, Fräiheet, Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet. Ma de Claude Wiseler ass iwwerzeegt, datt een déi Erausfuerderunge meeschtere kann, mat engem Staatschef, deen, egal wéi de Wand bléist, sech fir déi Wäerter wäert asetzen.
Wat Lëtzebuerg géing ausmaachen, wier, datt d'Land sech net géing splécke loossen. Weder vun aneren, nach vun eis selwer. D'Erwaardung un de Grand-Duc wär, datt hien d'Land a schwéieren Zäiten drun erënnert, datt een zesummenhält, och wann ee sech net iwwert alles eens ass.
De Chamberpresident huet sech och un déi nei Grande-Duchesse Stéphanie adresséiert. Hir Roll wier net an der Verfassung beschriwwen, mee si hätt elo schonn eng Plaz an den Häerzer vun de Leit. Hien huet eng glécklech Hand un der Spëtzt vum Land gewënscht. De Grand-Duc Guillaume hätt all d'Viraussetzungen dofir.
Zanter 11.16 Auer huet Lëtzebuerg een neie Staatschef
Duerno huet den neie Lëtzebuerger Staatschef da säin Eed ofgeluecht. Hien huet geschwuer, d'Constitutioun ze observéieren a seng Funktiounen deementspriechend auszefëllen:
"Ech verspriechen, politesch ëmmer neutral ze sinn"
Duerno huet de Grand-Duc Guillaume da seng Trounried gehalen. "Ech wäert d'Liewe vu mengem Vollek liewen, vun deem ech duerch keng Barrière wëll getrennt sinn. Ech wäert seng Freed a säi Leed deelen". De Grand-Duc Guillaume huet an der Chamber seng Urgroussmamm d'Grande-Duchesse Charlotte zitéiert, déi kuerz nom éischte Weltkrich als Staatscheffin vereedegt gouf.
D'Monarchie wier a schwéieren Zäiten e Pilier vu Kontinuitéit fir Lëtzebuerg. Si géif d'Prinzippie vu Fräiheet an Eenheet verkierperen. Gëschter wéi haut wier si eng Referenz a Krisenzäiten a géif Halt bidden. Hie géif d'Flichten, déi d'Verfassung him operleet mat Verantwortung, Integritéit an Engagement erfëllen.
D'Lëtzebuerger Demokratie bräicht staark Institutiounen. De Grand-Duc sot:
"Duerfir verspriechen ech, politesch ëmmer neutral ze sinn an eis demokratesch Grondprinzippien ze verdeedegen."
Och de Grand-Duc Guillaume huet d'Erausfuerderungen, virun deene Lëtzebuerg an d'Welt stinn, ugeschwat: geopolitesch Spannungen, d'Spiral vun der Desinformatioun, déi eng Menace fir d'Demokratie wieren, den Impakt vum Klimawandel, Krich an Aarmut wieren traureg Konstanten. Ma Lëtzebuerg wier gutt opgestallt, fir d'Erausfuerderunge vu muer unzegoen. Hie géif sech wënschen, datt een zu Lëtzebuerg weider an engem responsabelen a sozialen Ëmfeld kéint zesummeschaffen. D'sozial Stabilitéit wier en Atout fir eis Gesellschaft an eis Wirtschaft. E weidere Virdeel vu Lëtzebuerg wier déi multikulturell Situatioun, esou de Grand-Duc. Hien huet sech och besonnesch un déi Jonk adresséiert, op deenen hiert Liewen den technologesche Fortschrëtt vill um Spill géing stoen. An der digitaler Welt misst ee vill Wäert op mënschlech Connectioune leeën. Tëschemënschlech Relatioune wieren d'Basis vum Gemeinschaftsgeescht. Hien huet dofir déi Jonk an déi manner Jonk opgeruff, sech am Benevolat ze engagéieren. Domat géif een zum Zesummenhalt bäidroen. Och hie wéilt sech an Zukunft weider staark maache fir déi Schwaach a Benodeelegt.
Domat huet Lëtzebuerg zanter 11.16 Auer offiziell en neie Grand-Duc.
An eisem Liveticker a Livestream kënnt Dir den Trounwiessel live suivéieren.