Grouss Decisioun am US-Bundesstaat GeorgiaBehalen d'Republikaner oder kréien d'Demokraten d'Majoritéit am Senat?

Petz Bartz
Et gëtt eng enk Course, dat an engem Staat, wou den Donald Trump d'Resultat vun der Presidentschaftswal nach ëmmer gär gekippt hätt.
Grouss Decisioun am US-Bundesstaat Georgie
Et gëtt eng enk Course, dat an engem Staat, wou den Donald Trump d’Resultat vun der Presidentschaftswal nach ëmmer gär gekippt hätt.

Et ass eng spannend Stéchwal en Dënschdeg an den USA: Am Bundesstaat Georgia decidéiert sech op d’Republikaner hier Majoritéit am Senat behalen oder ob dem gewielte Präsident Joe Biden seng demokratesch Partei, nieft dem Representantenhaus, an Zukunft och an der 2. Chamber vum Kongress dominéiert.

A groussem pathetesch-nationalistesche Pomp war den Donald Trump e Méindeg Owend mam Helikopter op Dalton an Georgia geflunn. Offiziell mat der Missioun op de leschte Stëppel deenen zwee republikanesche Kandidaten an de Senatswalen nach de Réck ze stäipen. Ganz séier war awer de Fuedem erëm verluer an et goung virop ëm hie selwer an ëm seng eege verluere Walen, amplaz ëm d’Zukunft vum Land.

D’Kontroll iwwert de Senat steet zur Wiel. An nodeems am Georgia fir d’éischte Kéier zanter 1992 mam Joe Biden en demokratesche President gewielt gouf, ass et nach eemol am Georgia, wou sech wäert decidéieren, wéi vill Spillraum dee President um Enn huet, fir säin Agenda duerchzesetzen.

100 Sëtz sinn an der zweeter Chamber vum Kongress. 2 Sätz dovu sinn ze verginn. D’Republikaner hunn der den Ament 50 sécher. Sollten d’Demokraten déi zwee Sëtz en Dënschdeg kréien, géife se gläich zéien. Ënnert der Biden-Presidentschaft, am Fall vun engem ex-aequo-Vott am Senat, géif dann d’Stëmm vun der Vizepresidentin a Presidentin vum Senat Kamala Harris zu enger Entscheedung zu Gonschte vun den Demokrate féieren.

Déi 50-Joer jonk Multimilliardärin Kelly Loeffler an den 71-Joer alen David Perdue, deen den Ament a Quarantaine ass, well e Covid-positive Kontakt hat, si fir d’Republikaner an der Cours.

Hir demokratesch Erausfuerderer sti fir de Renouveau an der Partei: den 33-Joer jonken Dokumentarfilmer Jon Ossoff trëtt un géint den eeleren, konservative Perdue. A nach méi pikant, zemools am Südstaat Georgia: den 51-Joer jonken, schwaarze Geeschtleche Raphael Warnock fuerdert de Sëtz vun der wäisser Privilegiéierter Kelly Loeffler eraus.

Wie bei den Dueller wëllt matwielen, muss bis spéitstens 7 Auer Lokalzäit en Dënschdeg den Owend virun engem Walburö am US-Staat Georgia an der Rei stoen. Dann ass de Büro esoulaang op bis jidderee seng Stëmm ofginn huet.

Bis en definitiivt Resultat virläit, kann Deeg daueren, well wéi scho bei de Presidentschaftswalen, ass eng Ofstëmmung logescherweis eréischt dann eriwwer, wa jidderengem seng Stëmm gezielt ass.

RTL-News: Déi aktuell Situatioun vun der Auszielung

Back to Top
CIM LOGO