Vill Sonn, héich Temperaturen: Et war e richteg summerlechen Dag en Donneschdeg op Christi Himmelfaart. Zu Réimech op der Musel liewe vill Restaurante vun dësen Deeg. Ma si haten um Donneschdeg nach zou, an hir Terrasse waren eidel. Op der anerer Säit an Däitschland awer ware se voll.
RTL-Artikel: Deels Verzweiwlung bei der Horesca: "D'Restaurateuren an Däitschland soen eis scho Merci!" E puer honnert Meter déi aner Säit der Musel am däitschen Nenneg souzen d'Terrasse voll. Virun der Dier stoungen d'Autoe mat de Lëtzebuerger Placken een nieft deem aneren an der Rei. A si si wuel am Recht. De Réimecher Buergermeeschter, Jacques Sitz, weist sech awer besuergt:
''Mat de Buergermeeschteren aus de Grenzgemenge si mir streide gaangen, fir dass d'Grenzen nees opginn. Dat ass jo elo geschitt an dat ass och schéin. Dat ass eng Säit vun Europa. Mä dann déi aner Säit muss ee kucken. Dës Säit sinn d'Restauranten zou. Mir kucken eriwwer op eis Noperen, do sëtzen d'Leit op den Terrassen, wat natierlech guer net flott ass fir déi Leit, déi hei e Commerce bedreiwen. Dat ass och net logesch a schwätzt géint Europa. Rheinland-Pfalz, Saarland a Lëtzebuerg hunn ënnerschiddlech Reegelen obwuel den Afloss vum Coronavirus dee selwechten ass.''
Et wuermt de Gemengepapp natierlech duebel, dass Réimech bei esou engem Wieder normalerweis voller Leit ass. A souguer ënnert dëse Konditioune waren et der um Donneschdeg net wéineg.
D'Leit hunn dem Glacëvendeur d'But agerannt. An déi hannert der Théik koumen net no, Bullen an de Cornet ze maachen. Esou eng Glace an der Sonn schmaacht no deene leschte Méint nach besser.
An och d'Frittebud hat vill Succès. An e puer Restauranten, déi hir Plate fir matzehuelen ubidden, oder selwer ausliwweren, kéimen och iwwer d'Ronnen. Mä alles dat, géif net duergoen, bedauert de Jacques Sitz.
''Déi maachen hiren Ëmsaz. Déi iwwerliewen. Mä dat geet awer net duer, fir iwwer d'Wanterméint ze kommen. Dat hei sinn awer déi bescht Méint fir eis Terrasse-Leit hei. Wa se net dat kënnen eranhuelen, fir déi méi schlecht Méint ze iwwerbrécken, dann ass dat hei net gutt.''
Enger hallwer Dose Betriber géif d'Waasser scho bis zum Hals stoen. An dat zu Réimech dës Kéier net wuertwiertlech, mä bildlech geschwat.
