Wie géif sech net wënschen, bei deem schéine Wieder an eventuell verlängerte Weekend no engem Trëppeltour e gemittleche Pättchen op enger Terrasse ze drénken. Den Horesca-Secteur muss sech awer nach gedëllege bis dëst nees Realitéit gëtt. Et gouf alles preparéiert fir eng Reouverture, mä d'Diere mussen trotzdeem nach zou bleiwen, wat dem François Koepp vun der Horesca sauer opstéisst.
RTL-Artikel: Vill Sonn, héich Temperaturen: Lëtzebuerger profitéiere vun oppenen Terrassen an Däitschland D’Horesca huet eng Campagne preparéiert, fir d’Personal an de Client a Sécherheet ze woen. Déi gëtt lancéiert, soubal ee weess wéini een d'Dieren nees dierf opspären.
„Dat ass d'Campagne "Safe to Serve" fir ze soen: Kommt bei eis! Mir hunn alles gemaach, dir sidd sécher bei eis an dir kënnt e flotten an agreabele Moment bei eis verbréngen. Dat ass emol dat alleréischt an et ass och wichteg, dass de Client emol erëm kënnt“, sou de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca.
Et géif een nach ëmmer net verstoen, wisou ee keng Autorisatioun kritt hätt, fir wéinstens Terrasse kënnen opzemaachen, natierlech mat Respekt an der Ëmsetzung vun de Consignë vun der Santé. Dowéinst géifen dem François Koepp no vill Lëtzebuerger iwwert d'Grenz fueren.
„Ech kann iech just soen, dëse Weekend kennen ech immens vill Leit, déi an Däitschland fueren an d’Restaurateure soen eis scho Merci, dass mir op d'mannst hinnen hëllefen an eng Starthëllef ginn, dass si rëm kënne besser ufänken. Et ass e bësse schued, dass mir an dëser schéiner Zäit d'Terrassen net kënnen notzen. Mir si richteg rosen, dass mir e Mëttwoch vun eisem Premier keen Datum kruten, wéini mir nees kënnen ufänken.“
Den Horesca-Secteur ass prett an e "Guide de Reouverture" gouf ausgeschafft, mat Recommandatiounen, fir endlech nees lasszeleeën, well och an dësem Secteur geet et fir vill Leit ëm d'Existenz.
„Mir hunn dofir gekämpft a soen dofir och eisem Minister Lex Delles villmools Merci, well hien huet sech immens fir de Secteur agesat an ouni seng Hëllef, wiere mir haut net do wou mir elo sinn“, esou de François Koepp weider.
Fir den Tourismus z'ënnerstëtzen, kritt all Resident iwwer 16 Joer an all Frontalier e Bong vu 50 Euro, fir vun enger Iwwernuechtung an enger Struktur zu Lëtzebuerg ze profitéieren.
„Och virun allem deene Leit, déi all Dag bei eis schaffe kommen, déi am Fong d'Land ganz wéineg kennen, fir deenen esou eng Chance ze ginn, eist Land z'entdecken.“
Dem François Koepp no misst ee kucken, dass d'Leit hir Aarbecht behalen an dofir wier keng Mesure ze schued. No der Reouverture kéimen d‘Restauratioun an d’Caféen no enger Zäit iwwert de Bierg, just an der Hotellerie rechent den Horesca mat enger Durée vun engem bis annerhallwem Joer bis d‘Hoteller sech vun dëser Kris komplett erholl hätten.
