Negativ PrognosD'Zentralbank rechent mat enger Rezessioun vu 7,8% fir dëst Joer

RTL Lëtzebuerg
Et ass méi eng negativ Prognos also wéi déi vum Statec, dee mat 6% rechent.

An hirem optimisteschsten Zenario geet d’Zentralbank vun engem Minus vu 6,1% fir dëst Joer aus, mä am negatiivsten Zenario kéint d'Ekonomie souguer ëm 13,4% zeréckgoen. Alles hänkt vun der Effikassitéit vun de Restriktiounen of, déi zwar noutwenneg sinn, fir d’Pandemie anzedämmen, mä déi verhënneren, datt d'Ekonomie normal dréine kann, sou d’BCL.

Eppes ass awer der Zentralbank no sécher: d’Rezessioun dëst Joer wäert negativ Konsequenzen op den Aarbechtsmaart an d'Staatsfinanzen hunn. An déi negativ Konsequenze wieren deemno wéi nohalteg.

RTL-NEWS: De Statec schätzt, dass d'Lëtzebuerger Ekonomie ëm 25% agebrach ass

Back to Top
CIM LOGO