KonjunkturDe Statec schätzt, dass d'Lëtzebuerger Ekonomie ëm 25% agebrach ass

Maxime Gillen
De Chômage géif weider an d‘Luucht goen, dat trotz dem Chômage partiel. D'Kris hätt d'Staatsfinanze staark belaascht.
Statec schätzt, dass Ekonomie ëm 25% agebrach ass
De Chômage géif weider an d‘Luucht goen, dat trotz dem Chômage partiel. D'Kris hätt d'Staatsfinanze staark belaascht.

Rapport vum Statec - Reportage Maxime Gillen

Déi Lëtzebuerger Wirtschaft ass an de leschte Méint ëm ronn ee Véierel agebrach, esou d‘Schätzung vum Statec. Beim Räichtum vum Land wier et dowéinst e Minus vu 6 Prozent fir d‘Joer 2020.

© Maxime Gillen

Gläichzäiteg sinn déi Responsabel vum Statec awer optimistesch, dass et nächst Joer erëm 7 Prozent an d'Luucht geet, wéi de Ferdy Adam vum Statec erkläert.

„Plus 7, dat ass relativ staark. Mä dir musst iech dat e bësse virstellen, wéi wann een e Ball aus enger Fënster aus engem Héichhaus eraus fale léisst. Wat een de Ball vu méi uewe fale léisst, wat en ënne méi héich erëm opspréngt. Dat heescht, wat mir 20 méi déif falen – mat der Hypothees, dass d'Ekonomie an der zweeter Hallschent erëm start – wat och de Rebond 21 méi staark ass. An da kënnt en anert Element derbäi. Eis Ekonomie wiisst tendenziell méi schnell wéi déi meescht Ekonomië vun der Eurozon, dat heescht dee Rebond, déi Vitess mat där mir aus der Rezessioun eraus kommen, misst am Fong bei eis och méi staark sinn. Dat erkläert firwat mir mat plus 7, relativ gesinn zumindest, méi staark wuessen, wéi mer 20 zeréckgaange sinn.“

Lëtzebuerg géif sech dem Statec no deemno relativ séier erëm erhuelen, och wann een domat ëmmer nach ronn 3 Prozent ënnert deem géif leien, wat ee virun der Kris virausgesot hat.

Déi massiv Hëllefe fir d'Wirtschaft wäerten d'Staatsfinanzen awer och nach nächst Joer ferm belaaschten.

D'Mesuren, déi bis ewell vun der Regierung decidéiert goufen, fir der Wirtschaft ënnert d'Äerm ze gräifen, sollen eng 3,7 Milliarden Euro kaschten.

Domat läit Lëtzebuerg relativ wäit vir am europäesche Verglach, wéi de Ferdy Adam erkläert:"Däitschland ass am Fong dat Land, wat am meeschte mécht. Wann een sech elo just op déi Mesure konzentréiert, déi direkt an d'Ekonomie era ginn an déi net musse rembourséiert ginn, dann injektéiert Däitschland 10 Prozent vu sengem PIB direkt an d'Ekonomie, an dat ass nach ouni déi nei Mesuren, déi d'lescht Woch ugekënnegt goufe vun 150 Milliarden, déi kommen do nach derbäi. Lëtzebuerg ass derbäi mat 2,5 bis 3 Prozent vu sengem PIB. Dat ass ouni de Neistart. Déi Donnéeën hei sinn op de 16. Abrëll. Hannendru kënnt Frankräich mat 2 bis 2,5 Prozent an d'Belsch mat engem Prozent. Dat heescht mir sinn am Fong awer vun eisen Nopeschlänner direkt hanner Däitschland, e Land, dat seng Ekonomie mat Mesurë relativ staark a substantiell stäerkt."

Ma nieft den Depensë belaascht dës Kris och d'Recettë vum Staat massiv. Deemno misst een och nächst Joer nach mat engem substantiellen Defizit rechnen: "Wa mer eng Baisse vun der Aktivitéit hunn, musse mer eng Baisse vun de Recetten hunn. Eiser Schätzung no, géifen d'Gesamtrecettë vum Staat ëm 6 Prozent dëst Joer abriechen. Op där anerer Säit hu mer vun de Mesure geschwat, dat heescht de Staat pompelt ganz vill Geld an d'Ekonomie eran. Eiser Schätzung no, géifen d'Depensen ëm 13 Prozent steigen. Wann een déi zwee zesumme kombinéiert hu mer e staarken Defizit vu ronn Minus 6 Prozent vum PIB."

Déi deierst Mesure, de Chômage partiel, huet wuel dofir gesuergt, dass eng ganz Partie Aarbechtsplaze konnten erhale ginn. An awer géif de Chômage weider an d'Luucht goen. Fir 2021 rechent een hei mat 7,3 Prozent Chômage. Dat géif awer virop doru leien, dass d‘Entrepisë kaum nach Leit astellen an net dorun, dass si wéinst der Kris Leit géife virun d‘Dir setzen.

Back to Top
CIM LOGO