Hausse vun den NeiinfektiounenNational Elterevertriedung stellt eng Rei Fuerderungen un de Claude Meisch

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Hausse vun den Neiinfektiounen huet déi national Elterevertriedung, RNP, eng Rei Fuerderungen un den Educatiounsminister adresséiert.

De Ministère soll sech zum Beispill d’Moyene ginn, fir d’Elteren nach den Dag selwer kënnen ze informéieren, wann e Schüler oder Enseignant an enger Klass positiv getest gëtt. Esou ass et am Communiqué ze liesen. An deem Fall sollten dann och kloer Consigne vermëttelt ginn. Dat wier bis ewell nämlech net esou verlaf an dacks wieren d’Eltere vum Schoulpersonal informéiert ginn.

Beim Schoultransport, esou wéi an der Kantin missten och Adaptatioune gemaach ginn, fir dass net ze vill Kanner a Jonker beienee kommen.

PDF: Schreiwes vun der Représentation nationale des Parents

Back to Top
CIM LOGO