Eng Erklärung vun der Online-Redaktioun

Reegelméisseg gi mir gefrot, firwat mir Fotoe vun Accidenter publizéieren. Dacks kommen esou Froe vu Leit, déi grad e léiwe Mënsch – e Bekannten, e Frënd, e Familljemember – an engem Autosaccident verluer hunn. Sollt dat elo bei Iech de Fall sinn, dann erlaabt eis, fir d'éischt eist häerzlechst Bäileed auszedrécken. E Verloscht deet ëmmer wéi, besonnesch, wann e ganz frësch ass oder wann een drun erënnert gëtt. Dat sinn emotional Ausnamezoustänn, fir déi mir natierlech vollst Versteesdemech hunn. Och fir d'Redaktioun sinn Noriichten iwwer Accidenter keng News, déi ee kal loossen oder mat deenen ee liichtfankeg ëmgeet. Et si keng Informatioune wéi all déi aner. Trotzdeem wëlle mir och an esou Situatiounen eiser Informatiounsflicht nokommen.

Firwat also brénge mir reegelméisseg Nouvellen iwwer Accidenter an Text an a Bild?

D'Allgemengheet huet e Recht, eppes gewuer ze ginn, an d'Journalisten hunn eng Flicht z'informéieren. Wann eng Noriicht eng Relevanz huet, dann hu mir se ze bréngen. Dozou gehéieren och Fotoen, wa Fotoen disponibel sinn. Mir liewen an enger Welt vu Biller a wëllen och via Biller informéieren, well mir eis och selwer via Biller informéiere wëllen.

Natierlech préiwe mir Biller vun Accidenter ganz besonnesch:

– Vu wiem kommen d'Fotoen? Déi meescht Accidentsfotoe komme vun eise Reporter (Journalisten, Kameraleit oder soss Mataarbechter), vun der Police oder vu Pompjeescorpsen, also vun "offiziellen" resp. novollzéibaren a retraçabele Quellen, wou een e verantwortungsvollen Ëmgank viraussetze kann. Heiansdo kommen och Fotoe vu Leit/User, vu sougenannten "mobille Reporteren", déi zoufälleg eppes matkritt hunn. Jo, mir ginn zou, mir sinn deene Leit/User dankbar, wa si eis eng Informatioun weiderleeden, datt mir besser – also méi séier, méi konzis, méi authentesch – informéiere kënnen. Nee, mir bezuele fir esou Opnamen näischt, fir si a fir eis ze schützen. Mir wëllen net, datt aner Leit sech a Gefor bréngen oder eng Gefor duerstellen, well se onbedéngt eppes fotograféiere wëllen. A mir wëllen net reprochéiert kréien, si zu riskante Manöveren ze incitéieren oder "Aferten" op der Strooss ze ënnerstëtzen. Wa mir Fotoe geschéckt kréien, hu mir och ëmmer am léifsten, wann eng Mailadress an eng Telefonsnummer derbäi sinn, datt mir bei Bedarf Récksprooch huele kënnen.

– Wéi eng Kritäre ginn et bei Fotoen? Bei schroen Accidenter publizéiere mir keng Fotoen ouni den Accord vun der Police. Mir wëllen och, datt concernéiert Familljemembere vun offizieller Säit an deemno wéi och direkt mat psychologeschem Support informéiert ginn. Natierlech wëlle mir esou séier wéi méiglech informéieren, ma et ass net eist Zil, datt Familljen traureg Nouvellen aus de Medie gewuer ginn, och wa mir natierlech keng Nimm nennen an och d'Autosplacke retuschéieren. A mir weisen am Prinzip och keng Läichen oder soss Motiver, déi schockéiere kéinten.

Fir ze weisen, datt dat an der Theorie vill méi einfach geschriwwen a gesot wéi an der Praxis gemaach ass, denkt just eemol un d'Bild vum klengen Alan Kurdi. D'Flüchtlingskand war am Mëttelmier erdronk a louch herno dout um Strand. No vill Hin an Hier huet och RTL.lu d'Foto bruecht. An dat war richteg, well wat hätt een eis net alles ënnerstelle kënnen, wa mer d'Foto an domat och e Schicksal, eng Wourecht, "ënnerdréckt" hätten? Ob eppes richteg oder falsch ass, weess ee leider dacks net vun Ufank un ...

Derbäi kommen, ob een dat wëll oder net, déi sozial Medien. Mir hate scho mol de Fall, datt mir eng Info iwwer en déidlechen Accident an och Fotoen dovun op Wonsch vun der Police zeréckgehalen hunn. Op Facebook hunn dunn awer scho ganz eendäiteg Biller mat ganz konkreten Infoen den Tour gemaach. Als Media kann een dat net ignoréieren, selwer wann een et wéilt, well direkt stellt sech d'Fro vun der Credibilitéit a vum Vertrauen an d'Medien, wann Infoen zeréckgehale ginn. Hei muss een also ëmmer ofweien.

– Wéi vill Fotoe gi publizéiert? Och déi Fro daucht reegelméisseg op. "Wier eng Foto net duergaang?", ass een duerchaus geleefege Reproche. Oder: "Hätt Dir net kënne méi en harmlost Bild huelen?" Natierlech sinn esou Froen absolut berechtegt an natierlech ass et do kaum méiglech, d'Vue vun engem héichgradeg Involvéierten an d'Meenung vun enger am Idealfall objektiver Redaktioun, déi mat Recul jugéiere kann, op een Nenner ze bréngen. Mir sinn der Iwwerzeegung, datt een duerchaus méi Fotoe vun engem Accident oder Incident weise kann an duerf. Mol ginn der eng oder zwou duer, Mol eng Dosen, an Ausnamefäll kënnen et der och alt nach méi sinn. Soulaang se de Kritären entspriechen, sollt dat legitim sinn, d'autant plus wou den Internet jo am Géigesaz zu anere Medien en aktive Media ass. Et muss ee bewosst op eppes klicken, fir eppes ze gesinn. Wien also keng Fotogalerie vun engem Accident wëll kucken, ka se am Fong problemlos evitéieren.

Wann ee keng esou Fotoe wëll gesinn, sollt een awer net och anere virschreiwen, keng duerfen ze kucken. Hei soll jidderee maache kënnen, wéi hien et fir gutt fënnt. Als Redaktioun versiche mir, mat eise Contenue responsabel ëmzegoen an dofir och Responsabilitéit ze iwwerhuelen; un de User ass et, hire Choix ze maachen.

Bei der Fro no der "richteger" Zuel vu Fotoe gëtt och dacks mat zweeërlee Moss jugéiert: Bei engem Autosaccident fënnt een der vläicht schonn 10 ze vill, bei engem Bus- oder Zuch- oder Fligeraccident vläicht 25 ze mann. Dat ass also och ëmmer Ermiessenssaach an dobäi spillen esou vill Faktore vu bausse mat, datt mer eis als Redaktioun net op eng Maximalzuel festleeë kënnen.

– Mussen esou Informatiounen a Fotoen dann iwwerhaapt bruecht ginn? Dës Fro beäntwere mir als Redaktioun mat engem klore Jo. Aus direkt e puer Grënn:

- Journalisten hunn eng Informatiounsflicht a mussen informéieren, wa si vun eppes Kenntnis kruten, wat si fir relevant halen.

- Vill Leit wëllen informéiert ginn, wëlle wëssen, wat ronderëm si lass ass, wat an hirem Entourage, wat am Land, wat op der Welt geschitt. Natierlech begréisse mir als Redaktioun, datt d'Leit sech interesséieren, well, anescht gefrot, wier dat net vill méi schlëmm, wann de Leit Accidenter komplett egal wieren? Tëscht Compassioun a Voyeurismus ass dacks just e schmuele Grat. (Apropos Voyeurismus-Reproche: Mir passen net nëmme beim Choix vun de Fotoen op, mä och bei den Infoen, déi mir relatéieren. Mir setzen op confirméiert Informatiounen a klameren z.B. d'Privatliewe vun de Leit/Affer esou wäit wéi méiglech aus, och wann een ëmmer nees Informatiounen iwwer méiglech Ursaache vun Accidenter "gestach" kritt. Mat Spekulatioune gi mir do immens virsiichteg ëm.)

- Infoen a Fotoe kënnen e praktesche Wäert fir de Lieser hunn, z.B. a puncto Trafic oder a puncto Sécherheet.

- Infoen a Fotoe kënnen och d'Aarbecht vun deene valoriséieren, déi op der Plaz gehollef hunn: Ambulancieren, Dokteren (Samu), Secouristen, Pompjeeën, Polizisten, First-Responderen, Air Rescue ...

- Infoen a Fotoe kënnen och en edukative Wäert hunn. Well se sensibiliséieren, opmierksam maachen, ofschrecken. Op ville Plazen, a ville Campagnë gëtt mat Accidentsfotoe geschafft. (Natierlech ginn d'Meenungen hei auserneen an d'Sensibiliséiere soll net dat éischt Uleies vun enger Redaktioun sinn.)

RTL

© Domingos Oliveira

- Dee wichtegste Grond zum Schluss: Bei all Respekt fir individuell Betraffenheeten, Befindlechkeeten, Sensibilitéiten, Virléiften, Choixen, als Journalist kann ee leider net ëmmer op alles Récksiicht huelen, well soss stellt een méiglecherweis Eenzelinteressen iwwert d'Interesse vun der Allgemengheet. Op Dauer géif dat heeschen, datt mir de Journalismus géifen ofschafen: Deen ee wëll keng Fotoe vun accidentéierten Autoen, deen anere wëll keng Biller vun Terrorattacken, een Drëtte keng Opname vu Kricher, ee Véierte keng Visuelle vun Naturkatastrophen, ee Fënnefte keng vu Promien, déi sech dernieft beholl hunn, an esou weider – wou ufänken, wou ophalen? Als Journalist duerfe mir keng Schéier am Kapp hunn an duerfen d'Ae virun der Realitéit net zoumaachen, och wa se heiansdo traureg, schlëmm, krass, brutal, schrecklech, grausam ass, well soss verléiert de Journalismus seng Glafwierdegkeet.

Well: Kéint een e Media seriö huelen, deen Deeler vun der Ëffentlechkeet ganz bewosst ausléisst? Nom Motto: Mir weisen ni Fotoe vun accidentéierten Autoen. Wann dann awer en Auto an e Kran rennt an de Kran fält ëm, géif deen dann awer gewise ginn? Fir d'Famill vum accidentéierte Kranführer ass d'Situatioun déi nämmlecht wéi fir d'Famill vum accidentéierten Autosfuerer. Wann ee bis ufänkt, Limitten ze zéien, kënnt een iergend eng Kéier net méi draus eraus.

RTL

Dofir si mir der Meenung: Vu Fall zu Fall ze préiwen, dat ass dee beschten an deen eenzege Wee. A wann eemol eppes online gaange sollt sinn, wat aus plausibele Grënn net hätt sollen, da kontaktéiert eis. En Echange de vue wierkt heiansdo Wonner an normalerweis gëtt ee sech dann och eens. Esou kënnt Dir RTL kontaktéieren: Tel. 42142-1 oder per Feedback.