Coronavirus zu Lëtzebuerg9 Mënsche gestuerwen, vun 300 Tester waren der 16 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg huet d'Santé matgedeelt, datt 9 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn elo zu Lëtzebuerg 487 Mënschen um oder mam Coronavirus gestuerwen.

Aktuell sinn 150 (-2) Patienten hospitaliséiert, dovunner 32 (-2) op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,39. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO