2016 hunn déi éischt Aarbechte fir esou e “Shared Space” zu Diddeleng ugefaangen. Mëttlerweil krut d’Gemeng schonn de Bauhärepräis fir dee Projet. An e Méindeg goung de Shared Space fir den Trafic op. Nodeems den Teppech am Juni geluecht gouf an och Zougangstrooss nei amenagéiert gouf, däerfen zënter e Méindeg d’Autoen duerch d’Geschäftsstrooss vun Diddeleng fueren. A well mir an engem “Shared Space” sinn, läit déi maximal Vitess bei 20 Kilometer an der Stonn.
Viru ronn 10 Joer gouf en Architekten-Concours lancéiert, fir esou e Konzept an der Forge du Sud an d’Dot ëmzesetzen.
Diddelenger Geschäftsstrooss, d’Avenue Grande-Duchesse Charlotte, kann duerch dës 2 Pottoen all Moment fir den Trafic gespaart ginn. Dat léisst de Gemengeresponsabel a Geschäftsleit eng grouss Flexibilitéit. Zum Beispill fir eng Braderie.
Wichteg wär et, de Stadkär méi attraktiv ze gestalten. Nieft dem Amenagement vun der Strooss wär et och wichteg, d’Leit ze motivéieren, lokal anzekafen. Dofir brauch et eng grouss Diversitéit u Butteker.
Déi lescht Phas vun den Aarbechte fänkt am Fréijoer 2021 un. D’Kierch kritt eng nei Fassad an d’Plaz ronderëm gëtt nei gestalt. Zil ass et, den Autostrafic souwäit et geet aus dem Stadkär ze halen.
Déi 3.Phas vun den Aarbechte kascht 4,7 Milliounen Euro. De ganze Projet schléit mat ronn 16 Milliounen Euro zu Buch.
