
Gesondheetskeess a Beruffsverband si sech net eens ginn, den zoustännege Ministère huet e Reglement ausgeschafft, dat de Kader setze sollt. De Staatsrot huet dësen a sengem Avis am November nawell kritiséiert. Wéi geet et elo virun?
De Sozialminister Romain Schneider schreift an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro en Dënschdeg, d’Reglement géing elo iwwerschafft ginn an da géingen d’Verhandlungen tëschent der CNS an der Fapsylux nees ufänken. An den Ae vum Beruffsverband kéinten déi awer elo schonn nees opgeholl ginn, seet d’Fapsylux-Presidentin Delphine Prüm.
“Mir hu wuel eng Demande gemaach, awer mir hunn dozou nach keng Äntwert kritt. Mir hunn am Dezember direkt do eis bereet erkläert, fir elo am Januar direkt an d’Verhandlungen erëm eranzekommen an zwar souwuel d’Konventioun ze verhandelen, wéi och d’Nomenclature unzefänken.”
D’Psychotherapeute sinn op alle Fall frou, datt de Staatsrot hinnen op engem kruziale Punkt Recht gëtt: Et géing d’Autonomie vun de Psychotherapeuten a Fro stellen, wann een d’Behandlung just géif mat enger Ordonnance vum Dokter rembourséiert kréien. Dat wier och wichteg fir de Patient.
“Mir hunn eng Rei Patienten hei am Land, déi en Hausdokter hunn oder och en aneren Dokter hunn, en Docteur de confiance, bei deem se sech gutt spieren an deen dann och Bescheed weess a bei deem de Patient sech dann och gutt opgefaange spiert an och do säi Leed kann zielen, a wou den Dokter dann och seng Aarbecht mécht a seet: ‘Hei lauschter, du muss bei e Spezialist’, an dann och de Patient viru schéckt bei e Psychotherapeut. Et ginn awer och eng ganz Rei Leit, déi net mat hirem Dokter doriwwer wëlle schwätzen, well den Dokter och den Dokter vun der ganzer Famill ass oder well se sech dat einfach net virstelle kënnen oder well se keen Hausdokter hunn.”
Iwwerdeems ass am Reglement virgesinn, datt den Therapeut an enger Sëtzung d’Diagnos vum Hausdokter confirméieren an dann e Behandlungsplang opstelle muss, fir datt de Patient ka rembourséiert ginn. Déi Konditioun huet awer näischt am Reglement verluer, seet de Staatsrot. Ma et wier fir d’Psychotherapeuten och schwéier méiglech, an enger Sëtzung eng Diagnos an e Plang opzestellen, seet d’Delphine Prüm.
“Mir sinn der Meenung, datt een tëschent 3 a 5 Sëtzunge brauch, fir kënnen ofzechecken, ob ee mateneen eens gëtt, dat heescht, déi Relation therapeutique kënnen opzebauen, fir kënnen en Diagnostique psychotherapeutique kënnen z’erstellen, fir kënne mam Patient Ziler festzesetzen an e Plan de prise en charge z’erschaffen. Dofir brauche mer Zäit.”
D’Pandemie huet och en Impakt op d’mental Gesondheet, d’Psychiater hu schonn Alarm geschloen, sou och de Premier Xavier Bettel beim Pressebriefing en Dënschdeg de Mëtteg. D’Presidentin vun der Fapsylux hofft dowéinst, datt een elo séier virukënnt, ma och, datt d’Sensibilitéit fir déi psychesch Gesondheet méi grouss gëtt.
“Datt een och vläicht méi ee Versteesdemech fir den Noper huet, deen eng Depressioun huet. Oder fir deen aneren Noper, dee vläicht Zwäng huet. Datt een do net méi mam Fanger drop weist, mee datt ee sech fir deen asetzt an e mat der Hand hëlt a seet ‘Kuck no dir’. Wann Ären Noper ëmmer schrecklech houscht, da sot der ëm jo och ‘Waars de vläicht eng Kéier bei den Dokter?’”
Bis ewell wier souwuel an der Gesellschaft, wéi och an der Politik net genuch Bewosstsinn dofir do gewiescht, datt zu der Gesondheet och e psychologesche Volet gehéiert, seet d’Delphine Prüm, Presidentin vun der Psychotherapeutefederatioun.