Reaktiounen op nei MesurenFreed op där enger Säit, wéineg Versteesdemech op där anerer

Frank Goetz
Wärend Butteker, Fitnesszenteren, Kinoen oder Coifferen nees dierfen hir Dieren opmaachen, musse Restauranten a Caféë weider zoubleiwen.

Op enger Pressekonferenz hunn de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert bekannt ginn, wéi et déi nächst Woch zu Lëtzebuerg weidergeet. D’Reaktiounen aus de Beräicher Politik, Kultur, Horesca a Commerce fale ganz ënnerschiddlech aus.

Politik

Politesch Reaktiounen op Covid-Mesuren
Op enger Pressekonferenz hunn de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert bekannt ginn, wéi et déi nächst Woch zu Lëtzebuerg weidergeet.

Inkoherent a schwéier ze verstoen: Dat bleift d’Reaktioun vun den Oppositiounsparteien zu de Mesuren, déi d’Regierung en Dënschdeg annoncéiert huet. Dës Kritik gouf jo och scho bei deene leschte Mesuren am Kampf géint de Covid-19 ausgedréckt.

Wann een déi ënnerschiddlech Mesuren net novollzéie kann, wier et och schwéier de Leit dës Reegelen ze vermëttelen, esou de Sven Clement vun de Piraten. Ausserdeem wier d’Ausgangsspär, déi d’Piratepartei fir net sënnvoll hält, weider bäibehale ginn.

De Claude Wiseler vun der CSV freet sech, op wéi eng Donnéeën d’Regierung hir Decisioun baséiert.

Extrait Claude Wiseler & Sven Clement

Wa verschidde Mesurë scho méi fréi geholl gi wieren, hätt een eenzel Secteure guer net missen zoumaachen, esou de Sven Clement weider.

Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen an de Marc Baum vun Déi Lénk halen d’Mesuren och fir inkoherent. Fir Déi Lénk wieren déi nei Decisiounen awer keng Iwwerraschung gewiescht, esou de Marc Baum nach.

Extrait Jeff Engelen & Marc Baum

Gastronomie

“Mir kënnen net méi”, sot den Horesca-President Alain Rix a weist sech enttäuscht no der Annonce vun den neie Mesuren, déi jo fir d’Restauranten an d’Baren nach ëmmer keng Ouverture virgesinn.

Extrait Alain Rix

Virun allem fäert de Secteur, dass d’Zuele mat den neie Mesuren nees klammen an dass den Horesca dann och nom éischte Februar net kann opmaachen. Et géing ee sech fille wéi d’schwaarz Schof vun der Natioun. Wärend an anere Secteuren nees dierf geschafft ginn, géing een net verstoen, wisou d’Restaurateuren an d’Cafetieren net nees kënnen opmaachen. Et sollt dann och bewise ginn, dass sech op dëse Plaze méi ugestach gëtt wéi soss enzwousch, esou den Alain Rix weider. D’Patrone wieren den Ament mat hirer Gedold um Enn. D’Horesca fuerdert dowéinst eng honnertprozenteg Indemnisatioun vun der Regierung.

PDF: Communiqué Horesca

Back to Top
CIM LOGO