Näerz-Farm a Brand gestachSchwedescht Geriicht: Kee feste Prisong, mä Geldstrof, fir "Öko-Faschisten"

Kevin Kayser
E Jong, deen ugangs 2020 zu Stroossen verhaft gouf an 9 Méint an Untersuchungshaft souz, gouf um Donneschdeg de Mëtteg a Schweden verurteelt.
© Parquet Schweden

Zu Stockholm ass en Donneschdeg d’Urteel am Prozess géint de jonke Mann vu Stroossen gefall, dee virgeheit krut, mat engem Kompliz am Oktober 2019 eng Näerz-Farm a Schweden a Brand gestach ze hunn. Déi schwedesch Riichter hunn et wéinst dem jonken Alter vum Mann am Ament vun der Dot bei enger Geldstrof belooss. De Mann krut also kee feste Prisong. Hien hat wärend dem Prozess zouginn, de Brand geluecht ze hunn. Hien huet och drop higewisen, dass hie sech fir verschidde politesch Ideologien interesséiert hätt an dass hien och emol Sympathien fir d’"Nazideologie” gehat hätt. De jonke Mann gouf zu enger Prisongsstrof vu 7 Méint mat integralem Sursis verurteelt. Laut schwedeschem Gesetz spillt den Alter, andeem een eng Strofdot begeet, eng wesentlech Roll. Wann een manner ewéi 1 Joer kritt, brauch een net an de Prisong ze goen.

D’Geriicht huet am Urteel och festgehalen, dass d’Strofdot u sech net schwéier genuch wär, fir eng fest Prisongsstrof ze rechtfäerdegen. En plus lieft de jonke Mann zu Lëtzebuerg. Ofschléissend kënnt d’Geriicht zur Conclusioun, dass et keng Beweiser géif, dass de Mann an Zukunft réckfälleg géif ginn.

Sécher ass, dass de Mann a Kontakt mam Leader vun der sougenannter „Green Brigad“ war. Hien huet seng Dot gefilmt an se no Récksprooch mam Leader vun dëser Gruppéierung iwwert eng Plattform vun der „green brigad“ public gemaach. De Mann soll weider Kontakter zum radikalen Milieu vun den Öko-Faschiste gehat hunn. Öko-Faschisten, sou nenne sech Aktivisten, déi an de leschte Jore weltwäit aktiv waren. Si gëllen als rietsextrem a beruffe sech eben op d’Nazi- an déi faschistesch Ideologie.

Am Februar 2020 war de Mann zu Stroossen verhaft ginn an souz 9 Méint an Untersuchungshaft. Hei zu Lëtzebuerg leeft eng Enquête wéinst méigleche Verstéiss géint d’Waffegesetz respektiv och de méigleche Besetz vun explosivem Material.

RTL-News: Näerz-Farm a Brand gestach “Öko-Faschist” vu Stroossen a Schweden viru Geriicht

Back to Top
CIM LOGO