De Claude Meisch huet awer déi Passagen nees aus dem Gesetz-Text erausgeholl.
Dat nodeems de Staatsrot duerchblécke gelooss huet, datt mat enger Rei “Oppositions formelles” ze rechnen ass. Déi politesch Oppositioun seet, datt ouni deen Text d’Rechtsstaatlechkeet a Fro gestallt wär.
Mam Gesetzestext wollt den Educatiounsministère sech an der Coronakris eigentlech méi Flexibilitéit ginn. Wa verschidde Konditiounen erfëllt sinn, hätt den Educatiounsministère kënne ganz séier all d’Schoulen zoumaachen. De Staatsrot wollt net mat op dee Wee goen, well et ganz komplizéiert ass, déi Konditioune präzis ze formuléieren. An och d’Oppositioun huet de Gesetzestext vun Ufank u kritiséiert.
Bis elo ass et iwwer Circulairen a Recommandatiounen gelaf, wann et drëms goung, fir Kannerbetreiungsstrukturen zouzemaachen, kritiséiert d’Oppositioun.
Ma an Zukunft géingen esou Mesuren awer iwwert Covid-Gesetz lafen, heescht et um Mëttwoch den Owend aus dem Educatiounsministère.
Wann elo zum Beispill d’Infektiounszuelen an de Schoule massiv klamme géingen, da gëtt en adaptéiert Covid-Gesetz an der Chamber gestëmmt, wou genee drasteet, wéi laang d’Schoulen zoubleiwen. D’Prozedur wier déi selwecht wéi bei de Restauranten, Coifferen oder Butteker, wou och iwwert d’Covid-Gesetz gereegelt gëtt, wien op huet a wien zou huet.
Rieds geet vun engem “staarke Stéck”, vun méigleche Schoulfermeturen ouni all legal Basis, vu Staatsversoen an enger Politik, déi amplaz op Gesetzer, nëmmen op Recommandatiounen, Instructions ministérielles a Règlements grand-ducaux baséiert.
Et geet konkret ëm dat méiglecht Zoumaache vu schouleschen a para-schouleschen, och private Strukturen, déi de Minister kéint decidéieren, ouni datt hien eng gesetzlech Basis duerfir hätt. Dat geet sou net, seet de Staatsrot an huet dat ewell virun der Publikatioun vum Avis ze verstoe ginn, sou datt de Ministère elo iwwer Nuecht d’schoulesch Dispositiounen aus dem Covid-Gesetzestext erausgeholl huet, seet de Marc Baum vun déi Lénk.
Fir deen et e grave Virgang ass, mat deem mer et ze dinn hunn. Deen Text gouf eréischt versicht dranzesetzen, well der Regierung opgefall ass, datt all déi Mesuren, déi d’Schoulschléissunge betreffen, keng legal gesetzlech Basis haten. Elo gouf probéiert, eng rechtlech Basis ze schafen, ma elo muss d’Regierung “nees de Schwanz bäizéien an dat zeréckzéien”.
Selwecht Klack bei der CSV, wou et de Claude Wiseler e staarkt Stéck fënnt, datt sech iwwer Méint näischt am Ministère vum Claude Meisch gedoen huet, fir eng gesetzlech Basis fir Schoulfermeturen z’ordonéieren. De Minister hat dem Claude Wiseler no Zäit genuch, eng uerdentlech gesetzlech Basis ze schafen, huet dat awer net fäerdeg bruecht, fir no Méint en uerdentlechen Text virzeleeën. Den Ëmgang mam Rechtsstaat, déi de Claude Meisch huet, si fir de Claude Wiseler inakzeptabel.
Datt d’Educatioun eng Matière réservée à la loi ass, misst dach och dem Minister Meisch kloer sinn, sou de Claude Wiseler, wat fir d’CSV en décke Problem ass. De Claude Meisch seet, hie géif just iwwer Recommandatioune fueren. Wien de Recommandatiounen awer net no kënnt, kritt eng direkt Ordonnance vum Direkter vun der Santé, fir et obligatoresch mussen ze maachen. An esou, seet de Claude Wiseler, funktionéiert kee Rechtsstaat. “De Minister soll kloer Reegelen an d’Gesetz setzen, e soll sech déi Méiglechkeet am Gesetz schafen, fir dat uerdentlech a korrekt ze maachen. Et ass net, datt mir déi Moossnam kontestéieren, mä mir kontestéieren d’Rechtsstaatlechkeet, wéi hie se elo fiert.”
D’Maskeflicht an de Schoule bleift iwwerdeems am Gesetz an och d’Privatschoule sinn un dës Flicht gebonnen, zum Beispill och d’Waldorfschoul, wou dem Tageblatt no de Gros vun de Schüler an Enseignante keng Mask unhunn, mee an de Säll Plexiglas installéiert ass.
An engem Schreiwes, dat eis virläit, heescht et, et wéilt een op Plexiglas als Alternativ zu de Masken zréckgräifen. An der „Unterstufe“ wieren 10 Enseignanten dogéint, datt an der Klass misst eng Mask ugedoe ginn, 3 wieren dofir an 2 hätte sech enthalen. An deem Bréif un d’Elteren heescht et, Kanner hätte keng oder nëmme Grippesymptomer bei enger Infektioun mam Covid a si kéinten Erwuessener net ustiechen. Effektiv hu Kanner am Allgemengen nëmme liicht oder guer keng Symptomer. Wat d’Ustiechungsgefor ugeet, deiten d’Etüden allerdéngs drop hin, datt et kee wesentlechen Ënnerscheed tëscht Erwuessenen a Kanner gëtt, dass Kanner also d’selwecht ustiechend sinn.

Santéskommissioun: Vill Diskussioune ronderëm Neierung am Covid-Gesetz iwwer Schoulen