SantéskommissiounVill Diskussioune ronderëm Neierung am Covid-Gesetz iwwer Schoulen

Claudia Kollwelter
D'Educatioun gëtt sech eng legal Basis, fir eng Partie Moossnamen ze huelen. Dat begréisst d'CSV, déi dat scho laang gefuerdert huet.

Mä fir déi gréissten Oppositiounspartei ginn et nach vill Inconnuen. Den Educatiounsminister géif sech heimat eng legal Basis ginn, fir kënnen déi sanitär Mesuren ze huelen, déi e fir richteg empfënnt, wann d’Chiffere klammen. Dat wier dem Claude Wiseler no genee dee Wee, op deen d’Oppositioun an d’Majoritéit nach am Ufank vun der Kris net wollte goen:

Extrait Claude Wiseler

Well hei geet et jo awer trotzdeem ëm ganz aschneidend Moossnamen. Zu Beispill kënne privat Foyeren a Crèchen zougemaach ginn. Datt ass eng konstitutionell Fräiheet vun der liberté de commerce, déi heimat ageschränkt gëtt an do hätte mer gär eng gesetzlech Begleedung, déi vill méi präzis wier, wéi se hei am Text ass. Datt géif gesot ginn: Wéini, wat, firwat, wou a wéi laang? Dat si Froen, op déi d’Gesetz muss äntweren an net just eng generell Méiglechkeet uschneiden.

Bis elo ass alles, wat d’Schoul betrëfft, iwwer Recommandatioune gelaf. Dat soll mam neien Text änneren a betrëfft all d’Strukturen, déi ënnert e Stufeplang fale kéinten, erkläert den DP-Deputéierte Gilles Baum:

Extrait Gilles Baum

Dat si jo net just d’Schoulen, mä d’Maison-relaisen, Crèchen, Dagesmammen, Museksschoulen, d’Lasep, den SNJ. Wat wichteg ass mat dësem Gesetz, well mer jo wëssen, datt mer musse séier a flexibel reagéieren, ass, datt mer dat do per Règlement grand-ducal kënne reegelen.

Dem President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo no hätt d’Chamber ëmmer insistéiert, datt d’legal Basis souwuel bei den allgemenge Mesurë wéi och bei der Educatioun déi zolittst méiglech legal Basis misst hunn an der parlamentarescher Kontroll misst ënnerleien:

Extrait Mars Di Bartolomeo

Hei ass elo am Gesetz de Versuch gemaach, fir engersäits déi gesetzlech Verankerung ze verbesseren, mä anersäits awer och eng Flexibilitéit ze behalen, fir séier kënnen ze reagéieren an och lokal kënnen ze reagéieren.

Elo gëtt den Avis vum Staatsrot ofgewaart, ier den neien Text virum Enn vun dëser Woch an der Chamber gestëmmt muss ginn.

Back to Top
CIM LOGO