
D’Aussoe vun der Proffegewerkschaft Feduse, datt wéinst der Reform vun 2017 vill Schüler op 5e General Problemer hunn, déi Sektioun ze wielen, déi se wëllen, an dowéinst zum Deel fräiwëlleg redoubléieren, entspriechen net de Chiffere vum Educatiounsministère.
Dat sot de Claude Meisch e Mëttwoch an der Chamber-Educatiounskommissioun. Op Ufro vun der CSV war iwwert d’Kritik vun der Feduse diskutéiert ginn. D’Proffegewerkschaft war der Meenung, datt wéinst der Reform d’Schüler op 7e a 6e quasi automatesch géingen duerchkommen, och wa se grouss Lacunnen hätten, wat hinnen da méi spéit zum Nodeel géing ginn.
De Claude Meisch sot, de Phenomen wier et scho virun der Reform ginn, datt Schüler op 5e net déi Moyenne hätten, fir déi Sektioun ze wielen, déi se wëllen. Den Ament wieren d’Zerwisser vum Educatiounsministère mat enger Evaluatioun vun der Reform beschäftegt, fir Saachen ze verbesseren, d’Reform géing awer net prinzipiell a Fro gestallt ginn.
De Resumé aus der Chamber-Educatiounskommissioun
Liest dozou och dësen RTL-Artikel